Bei déi bekannte Logementskris ass dëst Joer nach eng Baukris dobäi komm.

Manner Baugeneemegungen, manner Venten, manner Prêten, déi accordéiert goufen, Präisser vun der Locatioun, déi weider geklomme sinn, vill Betriber, déi hu misse Faillite deklaréieren.

Bei déi bekannte Logementskris ass dëst Joer nach eng Baukris dobäi komm. Aktuell sinn eng 4.000 Entreprisen an der Konstruktioun aktiv, si beschäftege ronn 60.000 Mataarbechter. Schwéier Zäite fir dëse wichtege Secteur.

Promoteuren an Handwierksbetriber hu fréi Alarm geschloen. D'Regierung huet am Summer Hëllefsmesuren decidéiert, fir d'Entreprisen duerch déi schwéier Zäiten ze bréngen.