Dat huet de 38 Joer alen "Entrepreneur digital" op senger Facebook-Säit bekannt gemaach. De Jerry Weyer huet d'Piratepartei 2009 mat gegrënnt.

E war laang Jore Vizepresident a bis viru Kuerzem och nach Coordinateur fir de Bezierk Zentrum.

Hien huet d'Partei viru 15 Joer net just matgegrënnt, mä war och laang Jore Vizepresident a bis viru kuerzem Coordinateur fir de Bezierk Zentrum.

De Sven Clement, deen d'Partei och matgegrënnt huet, seet, hie géif d'Decisioun verstoen. Parteiintern wier och ausféierlech iwwert d'Grënn diskutéiert ginn, mä et wéilt een dem Jerry Weyer säi Wonsch respektéieren an déi Grënn net an der Ëffentlechkeet diskutéieren.

Et wiere Meenungsverschiddenheete ginn, esou wéi dat ëmmer an enger Partei de Fall ass, wou et ëm inhaltlech Ausriichtunge geet an ëm Prioritéiten, déi ee sech gëtt.

Viru 15 Joer hätt d'Partei aner Prioritéite gehat wéi haut an dofir wier et normal, datt ee sech an där Zäit och kéint ausernee liewen.