E Samschdeg gouf laanscht d'Eselbaach an der Gemeng Clierf illegal Dreck deponéiert. D'Gemeng sicht an de soziale Medien no Zeien.

Op de Fotoen ass ze gesinn, datt et sech beim Offall virun allem ëm Kannerspillsaache fir de Gaart handelt. Iwwerreschter vun engem Spillhaus an enger Rutschban aus Plastik kann een erkennen.

Déi illegal Deponie gouf zu Mecher am "Déckebësch" entdeckt a läit um Wee vum Eeselbuerer Circuit vum Auto-pédestre. Wéi d'Gemeng matdeelt, wier eng Plainte deposéiert ginn an et géif an deem Kontext och een Zeienopruff un d'Populatioun gemaach ginn. All Indicë si fir d'Police Ourdall zu Clierf.