D'Dikrecher Kavalkad ass d'Aushängeschëld vun der Sauerstad an e Rendezvous, dee fir d'Fuesboken an d'Veräiner fest am Kalenner steet.

Op enger Streck vun 2 Kilometer ginn um Fuessonnde 5 Tonne Kamelle verdeelt. Zéngdausende Leit loosse sech dat net entgoen. Mä no der Kavalkad ass virun der Kavalkad a schonn hannert dem leschte Won heescht et botzen.

Ënnerwee mat der Botzekipp no der Dikrecher Kavalkad / Anne Wolff

D'Gemengenaarbechter hate schonn e Sonndegowend ugefaange mat botzen. Ma och e Méindeg de Moie ware si nees zu Dikrech ënnerwee. Dobäi si si och op d'Hëllef vu Kier-Camionen aus anere Gemengen ugewisen. Am Meterkibb gi Fläschen, Kamellen, Béchsen a Konfetti agesammelt. De Philipp Barros, Viraarbechter vum Service Technique ass zanter 23 Joer bei der Gemeng an huet nach keng Kavalkad verpasst. Hie wonnert hei näischt méi. Och op dësem Moien zitt hien och nees gebrauchte Frittefett-Bonbonnen aus der Poubelle. "T'ass grausam. T'ass schued fir déi Leit, déi bei der SIDEC schaffen." Dohinner féieren d'Aarbechter nämlech d'Container an do gëtt dann och en Tri gemaach. Sur Place ass dat wéinst der Mass net méiglech.

RTL

Direkt hannert dem leschte Won vum cortège hunn d'Aarbechter ugefaange mat botzen. Si sinn ënner Zäitdrock, well d'Police drop waart, d'Stroosse rëm opzemaachen. 39 Leit waren e Sonndeg am Asaz, fir d'Spuere vun de Boken esou séier wéi méiglech nees aus dem Stadbild eraus ze kréien.

Eng 30.000 Leit dierften och dëst Joer nees dobäi gewiescht sinn, schätzt de Sandro Dimola vum Veräin "d'Eselen aus der Sauerstad Dikrich". Bei der Parad waren 51 Ween mat am Ganzen iwwer 2.000 Leit dobäi. Hie freet sech iwwert eng gutt Stëmmung. 8 bis 10 Méint plangt de Veräin all Joers un der Kavalkad. Dëst Joer war et déi 56. Editioun.

Wéi d'lescht Joer den Einweg-Plastik verbuede gouf, dat war eng Erausfuerderung, déi ee gemeeschtert huet: Iwwer 100.000 Becheren, déi e puer Mol kënne benotzt ginn, hätt een un d'Stänn an der ganzer Stat verdeelt. Natierlech géifen et ëmmer Leit, déi sech net un d'Verbuet vum Einweg-Plastik halen, ma am Verglach mat de Jore virdrun wier däitlech manner Plastik an der Stad gewiescht.

Fir "d'Esele" steet e Méindeg nach Raumen um Programm, duerno gëtt gekuckt, wat een nach verbessere kéint. Dat mécht och de Service Technique. D'Kavalkad ass fir si e grousse logisteschen Opwand a scho fir d'nächst Joer muss d'Infrastruktur mat Zäite bestallt ginn. D'Gemengenaarbechter sinn awer och nach méi laang amgaange mat raumen. Nom Kiere gëtt nach naass gebotzt - De Konfetti ass en haarde Géigner.

Andréck vun der Kavalkad e Sonndeg: