"De Probleem ass net d'Epilepsie, mee d'Ëmfeld"
Et ass déi heefegst Erkrankung vum Gehier an trotzdeem nach ëmmer mat ville Virurteeler verbonnen.
All 20. Mënsch huet eng Kéier a sengem Liewen en epilepteschen Ufall. Vun enger Epilepsie schwätzt een awer eréischt vun enger zweeter Kris un. Dat betrëfft ronn ee Prozent vun der Bevëlkerung an deemno liewe ronn 6.000 Epileptiker zu Lëtzebuerg.
D'Tania Fürst ass Infirmière an hat schonn éischt Beréierungspunkte mat der Krankheet. Wéi hir Duechter, d'Lyn Genen, am Ufank vun der Primärschoul d'Diagnos krut, war dat dunn awer eng ganz nei Erfarung.
"Et ass net onbedéngt d'Epilepsie de Probleem, et ass d'Ëmfeld a sou, wéi d'Leit domadder ëmginn. Et ass eigentlech vill méi schwéier domat ëmzegoen an dat ze erdroen, wéi d'Krankheet selwer. Et si ganz vill Leit mat Ängschten, déi net gutt informéiert sinn an déi eigentlech falsch domadder ëmginn, wat d'Saach natierlech méi schwiereg mécht", erzielt d'Tania.
Weider ginn et awer och soss eng Partie Aschränkunge fir Epileptiker. De Stefan Conrad krut seng Diagnos wärend senger Ausbildung zum Wënzer a konnt doduerch kee Fouss an dësem Beruff faassen. "Als Winzer musst du ja fahren können, entweder Traktor oder Auto und das durfte ich zu dem Zäitpunkt nicht." Allgemeng gëllt nämlech, datt eng Persoun zwee Joer ouni Kris liewe muss, fir de Fürerschäin kënnen ze maachen.
Esouwuel d'Lyn wéi och de Stefan si mëttlerweil krisefräi. De Stefan ass allerdéngs e Liewe laang op Medikamenter ugewisen. Trotzdeem huet hie sech net decouragéiere gelooss a leet mëttlerweil esouguer eng Selbsthëllefgrupp zu Tréier.
Wie sech zu Lëtzebuerg Hëllef siche wëll, dee ka sech bei der Lëtzebuerger Epileptiker Associatioun AAPE mellen. Als Benevollen informéieren an ënnerstëtzte si ronn 140 Memberen op hirem Wee. Et wier un der Zäit, en Tabu ze briechen an iwwert d'Thema opzeklären. Beim Lyn ware si esouguer mat an d'Schoul, fir mam Léierpersonal a mat deenen anere Kanner ze schwätzen an hinnen z'erklären, wat déi Diagnos bedeit a wéi een domat ëmgoe soll.
An deene leschte Joren huet sech scho vill gedoen, mä et muss nach méi geschéien. Am Kader vun der Journée Lavande, de 26. Mäerz, soll iwwert d'Krankheet opgekläert ginn. Weider Detailer iwwert d'Liewe mat Epilepsie gesitt Dir am Reportage.