Immobiliëmarché
Chambre de Commerce begréisst Mesurë vu Regierung
D'Chambre de Commerce begréisst an engem Schreiwes d'Mesuren, déi d'Regierung annoncéiert huet, fir de ganzen Immobiliëmarché ze redynamiséieren.
Méi strukturell Reforme missten awer séier hier fir e ganzheetleche Logementsmarché, mat deem d'Offer u Wunnengen nohalteg eropgeschrauft gëtt.
D'Chambre de Commerce ënnersträicht an eegener Saach, dass d'Privatentreprisen an Zukunft méi an d'Locatioun an an d'Vente vun abordabele Wunnraum agebonne ginn.
E Projet de loi an d'groussherzoglech Reglementer, déi dëse Logementspak vun CSV an DP gesetzlech verankeren, kritt vun der Chambre de Commerce awer gréng Luucht.
Am meeschte gelies