Den nationalen Observatoire fir Klimapolitik schwätzt sech géint eng weider staatlech Subventioun vun de fossillen Energien aus.

Wéi den OPC a sengem Avis erkläert, deen e Méindeg publizéiert gouf, solle finanziell méi schwaach Konsumente wuel ënnerstëtzt ginn, ma Präisdeckelen op fossillen Energien wieren do déi falsch Solutioun a géifen de Klimawandel weider virundreiwen.

D'Zil sollt jo u sech sinn, dass manner Masutt, Gas an aner fossil Energië genotzt ginn. An dat kéint duerch méi héich Präisser erreecht ginn, well déi d'Demande erofdrécken. Duerch staatlech Subside géifen d'Präisser awer artifiziell déif gehale ginn, esou dass d'Energietransitioun gebremst gëtt.

Dofir proposéiert den Observatoire sougenannte vulnerabele Konsumenten direkt ënnert d'Äerm gräifen, amplaz net-cibléiert Mesuren ze huelen, wéi allgemeng Steierreduktioun oder Subventiounen. Déi wieren deier, net effikass, géifen d'Motivatioun bremsen fir d'Demande erofzeschrauwen a kéinten esouguer zu enger Präis-Spiral féieren.

Den OPC ass och dofir, dass fossil Energien aus dem Wuerekuerf fir den Index erausgeholl ginn. Dat virop, well et warscheinlech ass, dass d'Energiekris nach e puer Joer wäert daueren, respektiv se och ëmmer erëm duerch verschidden Ëmstänn kann ausgeléist ginn. Deemno wieren direkt Subside fir fossil Energien net nëmme schlecht, wat de de Klimawandel betrëfft, ma wieren och nach net nohalteg ze finanzéieren.

Weider recommandéiert den OPC der Regierung, en Deel vun de Suen, déi si aktuell an d'Energie-Präisdeckelen investéiert, a Mesuren ze stiechen, fir de Besoin no fossillen Energien ze reduzéieren. Dozou gehéiert ënnert anerem den ëffentlechen Transport ze verbesseren, sougenannt Fernwärme-Reseauen ze subventionéieren a kollektiv Programmer opzesetzen, fir déi energeetesch Sanéierung vun Haiser.