Angscht viru Rietsextremismus klëmmt, mä Logement bleift gréisste Suerg
De Logement bleift onverännert a bei wäitem déi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger.
Dat geet aus dem zweeten Deel vum Politmonitor ervir, deen d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert huet. Fir dës Ëmfro gouf eng representativ Stéchprouf vun iwwer 1.000 Lëtzebuerger iwwer 18 Joer, tëscht dem 4. an dem 14. Mäerz befrot.
Ronn dräi Véierel vun de Wieler maache sech also grouss Suergen ëm den Zougang zu bezuelbare Wunnengen. Dat queesch duerch all d'Alterstranchen, egal wéi ee Bildungsniveau an egal wéi eng Partei se wielen. Aner Suergen, déi an de leschte Joren dominéiert hunn, hunn awer antëscht ofgeholl, erkläert d'Manon Breden vun Ilres:
„Mir gesinn, dass d'Situatioun mëttlerweil manner ugespaant ass, wat d'Inflatioun an d'Entwécklung vun den Energiepräisser ugeet. Doduerch réckelen aner Saachen no vir. Den Ënnerscheed tëscht räich an aarm, deen elo op 2. Plaz ass mat 56 Prozent vun de Leit, déi sech grouss Suerge maachen. An den Zouwuess vum Trafic mat 51 Prozent. Am meeschten zougeholl huet d'Suerg ëm e méiglechen Zouwuess um Rietsextremismus. Vun 38 Prozent si mer elo bei 46 Prozent."
Dass d'Inflatioun an d'Entwécklung vun den Energiepräisser de Leit elo manner uewe leien, spigelt sech och an der Aschätzung vun hirer eegener finanzieller Situatioun erëm.
„Bei der Fro, wéi d'Leit hir perséinlech finanziell Situatioun vum Menage aschätzen, si mer mat 8 vun 10 Leit, déi gutt soen, nees op engem Taux, dee vergläichbar ass mat Mee 2022. 15 Prozent soen, et geet hinne schlecht. Tendenziell gesi mer awer, dass wat ech méi al sinn, wat et mer besser geet. Mir gesinn, dass et éischter déi Menagë sinn, wou d'Kanner nach doheem wunnen, déi betraff sinn an notamment Elengerzéiend, déi uginn, dass hir Situatioun sech verschlechtert huet."
Allgemeng si 56 Prozent vun de Wieler zefridde mat der Aarbecht vun der Regierung. 26 Prozent bewäerte se als schlecht. Gefrot no eenzele Mesuren, gëtt et allerdéngs eng Datz.
Dobäi ass nach ze bemierken, dass den Taux am Verglach mat der viregter Regierung méi schlecht ausgefall ass. Bei de Sondagen d'lescht Joer, e puer Méint virun de Walen, waren 68 Prozent vun de Befroten zefridde mat der Aarbecht vu Blo-Rout-Gréng ma do hunn och 29 Prozent se als schlecht ugesinn.
D'Manon Breden vun Ilres:
„Mir gesinn effektiv, dass d'Regierung bei der Aarmutsbekämpfung am schlechtsten ofschneit. Mat just nach 3 vun 10 Leit, déi hei eng gutt Nott verginn, awer iwwer d'Hallschent vun de Befroten, déi eng schlecht Nott verginn. Dësen Taux ass onverwonnerlech nach eemol méi héich bei deene Leit, déi uginn hunn, finanziell Problemer ze hunn.“
D'Wieler goufen och gefrot, wat si vum Heescheverbuet halen. 44 Prozent si mat der Mesure averstanen, 51 Prozent, also eng knapp Majoritéit, sinn net averstanen. Wann een d'Leit freet, ob d'Regierung sech beim Ëmsetze vum Heescheverbuet un d'Gesetzer gehalen huet, kënnt souguer eraus, dass 33 Prozent, also just een Drëttel, där Meenung ass. 44 Prozent denken, dass sech net un d'Gesetzer gehale gouf.
D'Regierung huet eng breet Diskussioun ugekënnegt iwwer de Pensiounssystem, eng vun de méigleche Piste fir eng Reform, de Pilier vun de private Zousazversécherungen duerch Steiererliichterungen z'encouragéieren, gëtt vum Gros vun de Leit mat 78 Prozent guttgeheescht, bal sou grouss Zoustëmmung, dass deen, dee méi verdéngt och méi abezuele soll. Ganz wéineg Uklang fënnt dogéint d'Iddi vun enger allgemenger Cotisatiounshausse a méi laang schaffe wëlle grad 28 Prozent.
Bei der Fro, ob d'Klimabäihëllefe solle verlängert ginn, sinn dräi Véierel dofir, manner Eenegkeet bei der Fro, ob Klimawandel eng Urgence ass, fir gutt d'Hallschent ass et just eng vu ville Prioritéiten an d'Äntweren hänke staark dovun of, wéi enger Partei ee sech zougehéireg fillt. Bei CSV an ADR fënnt een déi meescht, déi soen, et gëtt scho genuch gemaach.