Nodeems d’Protester géint de Projet ëmmer méi grouss ginn, kippt och d’Stëmmung bei der Regierungspartei LSAP.
Déi éischt Protester géint eng Atomzentral zu Rëmerschen ginn et an Däitschland. D’Awunner vu Pärel wiere sech géint d’Pläng, fir un der Musel en Atomkraaftwierk ze bauen. Kuerz drop gëtt op Lëtzebuerger Säit d’Biergerinitiativ Museldall gegrënnt. Presidentin gëtt d’Élisabeth Kox-Risch.
Richteg Opdriff kruten d’Géigner vum Projet, wéi bis eng Rëtsch Lëtzebuerger Wëssenschaftler sech hire Kriticken uschléissen. D’Atomkraaft-Géigner grënnen den CNAM, de Comité national d’action pour un moratoire. Och déi éischt Lëtzebuerger Ëmweltorganisatioune bedeelege sech un dësem Aktiounscomité.
D’DP-LSAP-Regierung war iwwerrascht, datt d’Oppositioun géint de Projet Rëmerschen ëmmer weider gewuess ass. Iwwerdeems d’DP hannert de Pläng stoung, huet et beim Koalitiounspartner LSAP anescht ausgesinn.
No laangem Hin an Hier decidéiert d’LSAP, am Dezember 1977 en extraordinären Energie-Kongress ofzehalen. D’sozialistesch Parteispëtzt an och d’Ministere sti gréisstendeels hannert dem Projet, ma d’Basis ass gespléckt.
Um Enn stëmmen 153 Membere fir de Projet vun der Atomzentral, 156 Membere si fir de Moratoire. De Projet gëtt op Äis geluecht a puer Joer drop ganz fale gelooss.
Serie Atomenergie (Deel 1): Et goufen Iwwerleeungen, eng Atomzentral op d’Musel ze kréien
Serie Atomenergie (Deel 3): Lëtzebuerg protestéiert géint Cattenom