
"Dat wäert ech wahrscheinlech maachen, firwat sollt ech et net maachen", sot de Republikaner en Donneschdeg viru Journalisten am Oval Office. Italien, där hir Premierministesch Meloni u sech en éischter gutt Verhältnis zum Trump hat, hätt den Amerikaner guer net gehollef, fënnt den Trump. A Spuenien wier "absolut schrecklech". Den US-President hat d'Nato-Partner ze lescht schaarf kritiséiert well si d'Amerikaner, senger Meenung no, net genuch am Iran-Krich a bei de Beméiunge fir d'Strooss vun Hormus nees opzekréien, ënnerstëtzen.
De Sträit mat Däitschland hat sech dës Woch zougespëtzt nodeems de Bundeskanzler Friedrich Merz dem Donald Trump oppe reprochéiert hätt, sech am Irankrich verschat ze hunn a keng Strategie ze hunn.
Spuenien ass den Amerikaner scho méi laang en Dar am A well se bis elo net bereet sinn, hir NATO-Contributiounen eropzeschrauwen.