Situatioun um Logementsmarché huet sech stabiliséiert

Dat, obwuel et am éischten Trimester e weidere Reajustement bei de Verkafspräisser am Logement gouf, sou d'Portal "athome" mat Bléck op déi eegen Zuelen.
Am Joresverglach goung et bei den affichéierte Präisser méi ewéi 9% erof. Appartementer si vun dëser Evolutioun méi staark betraff ewéi Haiser. Am stäerksten no ënne weisen d'Zuelen an der Regioun Süden.
Mat dësen Ajustementer vun de Präisser wier eng gewëss Reprise am Secteur ze constatéieren, sou "athome". Och bei der Locatioun stabiliséiert d'Situatioun sech. Am éischten Trimester gouf et just nach eng Hausse vun 1,7%.
Gouf et eng Hausse bei den Appartementer, sou sinn d'Loyere fir Haiser awer ëm 6% erofgaangen. Am stäerksten no uewe goung et fir d'Locatairen am Norden.
Bei den Zënse géing ee bei den eegenen Zerwisser constatéieren, datt d'Banken entretemps nees Tauxe vun tëschent 3,5% an 3,8% proposéieren.
D'Portal athome gesäit am Joer 2024 en Iwwergangsjoer, ier et dann d'nächst Joer zur Reprise wäert kommen.