Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher huet de Rapport vun zejoert e Méinden an der Chamber presentéiert.

Wéi kann den Zougang zum Gesondheetssystem fir Kanner a Jugendlecher vun der Gebuert un a bis zum Alter vun 12 Joer verbessert ginn? Dat war ee vun de grousse Voleten, mat deem sech den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, kuerz Okaju, a sengem Rapport vun zejoert befaasst huet.

Kritiséiert gëtt an dësem ënner anerem, dass d’Koordinatioun tëscht den diversen Zerwisser misst verbessert ginn. Et wier hëllefräich eng Assise nationale ze organiséieren, sot den Ombudsman Charel Schmit bei der Presentatioun vum Rapport an der Chamber. Et soll en nationale Plang mat enger nationaler Strategie developpéiert ginn. Och d’Iddi vun engem Guichet unique an engem nationale Coordinateur an deem Beräich ass opkomm.

Charel Schmit: Eng Assise nationale misst organiséiert ginn

De Rapport soll awer net iwwer d’Qualitéit vun de Gesondheetsservicer hei am Land fir Kanner a Jugendlecher urteelen, huet de Charel Schmit nach ënnerstrach. Dës wier nämlech generell gutt. Et gouf awer drop higewisen, dass et an etlechen Zerwisser géing laang Waardelëschte ginn. Zum Beispill beim Service de consultation et d’aide psychomotrice (Scap) wieren 290 Kanner op der Waardelëscht an domat léich den Delai fir eng individuell Prise en charge bei 2 Joer. Beim Service fir en Diagnostik vun der Fondation Autisme wieren 235 Kanner op der Waardelëscht.

De Charel Schmit iwwert pediatresch Versuergung

Och gouf ënnerstrach, wéi de Chiffer vun de Mënschen, déi un de Lëtzebuergesche Gesondheetssystem affiliéiert sinn, gewuess ass. 2012 waren zum Beispill 7.400 Kanner, déi net hei am Land wunnen (Non Résidents) zu Lëtzebuerg a Consultatiounen, déi vun der CNS rembourséiert ginn. 2022 waren dëst der 13.000, huet d’Véronique Louazel vum Okaju ënnerstrach. Bei de Generalisten hätt een eng Augmentatioun vu Consultatiounen an deem Beräich vun 140 Prozent an de leschten 10 Joer constatéiert.

"Et ass wichteg, dass ee politesch an eng aner Richtung geet", huet de Charel Schmit betount. Déi pediatresch Versuergung misst en anere Stellewäert an der Gesondheetspolitik hei am Land kréien, fir dem Wuesstem vum Land, der Demographie an der Entwécklung vun den Zerwisser Rechnung ze droen.

Vill Punkte am Rapport sinn net nei awer gouf et negativ Iwwerraschungen

Am Rapport vum Ombudsman fir Kanner- a Jugendlecher wiere vill Punkten net nei gewiescht, soen dräi Deputéiert an enger éischter Reaktioun. Och wann deen een oder anere Chiffer dann dach fir eng éischter negativ Iwwerraschung gesuergt huet.

Et wier kloer, dass ee misst e Schwéierpunkt op d’Gesondheet vun de Kanner sëtzen, sou d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert. Dass an de leschten 10 Joer 75 Prozent Net-Residentë méi mat hire Kanner op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem zréckgräifen, wier awer e Chiffer, dee méi héich, ass wéi si geduecht hätt.

"Dat bedeit, dass mer eis déi mussen upassen, dass mer eis wierklech mussen eng Strategie ginn, fir eis Kapazitéiten auszebauen a schnell auszebauen, well mer dee Phenomeen hunn, dass Leit, déi Assuré bei eis am Land sinn, déi soss an d'Ausland bei den Dokter gaange sinn mat hire Kanner, eeben och op Lëtzebuerg kommen. Dat mécht schonn e groussen Drock op de System.

Den CSV-Deputéierte Max Hengel betount, dass et eng besser Prise en Charge muss ginn, wa Mammen no der Gebuert vun hirem Kand net d'Moyenen hunn, sech ëm dëst ze këmmeren. Weider kritiséiert hien och d'Penurie vun den Dokteren.

"Politesch muss do elo séier gekuckt ginn, datt mer do einfach déi Gesondheetsberuffer sinn, wou do a Fro komm, datt déi esou attraktiv gemaach ginn, datt mer där genuch hunn, respektiv och wann ech elo santé mental kucken, och Psychiatrie, Psychotherapeuten, datt dat wierklech alles, datt déi Ulafstellen, datt dat ausgebaut gëtt, datt do genuch Leit sinn, fir wierklech eng Prise en charge kënnen ze maachen."

Déi Gréng Deputéiert Joëlle Welfring wéist sech besuergt iwwert d’Defiziter déi nach géingen am Beräich vun der mentaler Gesondheet ginn, mee och bei der Gesondheetsoffert generell.

"Och, dass d'Accessibilitéit, dass et méi einfach gëtt och fir Leit, déi manner Moyenen hunn, méi einfach un déi Gesondheetsservicer erukommen, dass déi och geografesch och d'Urgencen nach besser, fir och fir Kanner mussen organiséiert ginn och a Gebidder, wou dat am Moment net esou de Fall ass, mol am Norden am Nordweste vum Land. Dat heescht, dass mer do e bëssen eng méi gläich Verdeelung och kréie vun deene Servicer. Dat sinn alles ganz, ganz wichteg Pisten."

Déi Deputéiert ware sech mam Okaju an deem Sënn eens, dass et eng national Strategie brauch am Beräich vun der Kannergesondheet, an dass eng besser Koordinatioun tëscht den Zerwisser déi et scho gëtt néideg wier.