D'Depensë géingen ze séier an d'Recetten ze lues klammen
© Envato Maxxyustas
Lëtzebuerg wier an enger Wuesstem-Pann. Zu deem Schluss kënnt d'Chambre de commerce an hirem Avis zum Staatsbudget.
De Budget géing dovunner ausgoen, datt d'Wirtschaft dëst Joer ëm 2 Prozent wiisst. Dat wier awer optimistesch warnt d'Handelskammer. Besonnesch en vue vun de verschiddene Krisen an engem onprevisibelen internationale Kontext.
D'Depensë géingen ze séier, d'Recetten ze lues wuessen. Dat wier e Schéiereffekt, deen een zoumaache misst. D'Depensë beim Zentralstaat géingen dëst Joer 1,1 Prozentpunkten iwwert der historescher Moyenne vun de knapp 25 Joer virdru leien, esou den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen:
"Dat läit un den inkompressibelen Depensen, wéi mir se nennen, déi rigid sinn. Dat sinn notamment d'Salaireskäschten. Déi hu 7,35 % vum PIB 2022 ausgemaach, déi wuessen op 8,54 % vum PIB 2027 an déi hunn och, wéi gesot, an de leschte Jore si se ëm 7 Milliarden an d'Luucht gaangen. Dat ass enorm. An do muss een effektiv probéieren, iwwert d'Digitaliséierung an och do iwwer A-Fro-Stellung, ob muss all Posten, wou an d'Pensioun ginn, ob déi mussen ersat ginn an och, ob vläicht verschidden Administratioune mussen duerch Simplificatioun, duerch Ofbau vu Prozeduren a Prozesser, kann een do vläicht ganz vill Leit aspueren."
Fir d'Recetten ze stimuléieren, misst der Handelskammer no d'wirtschaftlech Kompetitivitéit verbessert ginn duerch notamment méi attraktiv Steieren. Donieft plädéiert d'Chambre de Commerce fir strukturell Reformen, ënnert anerem um Niveau vun de Pensiounen.