Wéi et vun der Blannevereenegung heescht a wéi d'Police och confirméiert, war am Raum Esch e jonke Mann ënnerwee, dee falsch Spende gesammelt huet.

Dësen huet sech als Member vun der Vereenegung ausginn, fir Suen ze sammelen. D'Blannevereenegung huet awer matgedeelt, datt si keng Kollekten un der Hausdier maachen.