Dementi vun der Stad LëtzebuergKeng Decisiounen "à la tête du client"

Monique Kater
D’Stad Lëtzebuerg an de "Service Espace Public, fêtes et marchés" reagéieren op d’Kritik vun enger Rei Forainen a Maartleit.
Keng Decisiounen "à la tête du client"
D’Stad Lëtzebuerg an de “Service Espace Public, fêtes et marchés” reagéieren op d’Kritik vun enger Rei Forainen a Maartleit.

“Do ass elo keen, dee säin Dossier an der Rei huet, deen op engem Event keng Plaz kritt”, sou de Laurent Schwaller, Stater Plazmeeschter, Chef vum “Service Espace Public, fêtes et marchés”.

Wat klappt net tëscht dem Service vun de Stater Plazmeeschter an enger ganzer Rei Forainen a Maartleit ? Virun 3 Wochen hate mer de Fall vum Jean la Gaufre opgegraff, deen, well en ze spéit u war mat senger Demande, keng Plaz op der Oktav krut. Et ass net fir d’éischt, dass bekannt Lëtzebuerger Forainen op der Fouer, dem Oktavmäertchen oder dem Chrëschtmaart feelen – deels duerch eege Schold, mee eegenen Aussoen no dacks och well een hinne schlecht wéilt.

Mat dëser Kritik sinn d’Mataarbechter vum Service Foires et Marchés viséiert, déi sech ëm den Opbau vun de Mäert a Kiermesplazen bekëmmert a kuckt, wéi e Geschäft wouhinner opgeriicht gëtt. No de Foraine kommen d’Stater Buergermeeschtesch an de Chef-Plazmeeschter zu Wuert. “Mir schwätze mateneen, och mat de Forainen an de Maartleit”, seet de Laurent Schwaller, dee sech iwwer d’Virwërf géint seng Persoun a säi Service geiergert huet. Jo, et gi Reegelen, déi fir deen een, wéi fir deen anere gëllen, dat geet vun Delaien déi anzehale sinn, bis bei d’Dokumenter, déi bei der Demande dobäi musse leien. D’Detailer stéingen op de Formulairen an et kéint een u sech kaum eppes falsch verstoen.

Hire Service géing mat iwwer 200 Forainen an enge 50 Maartleit schaffen. Dass der do emol net zefridde wieren, wonnert de Laurent Schwaller net, dat géif et a ville Beräicher. Allerdéngs wier et hei esou, dass bei den Dokumenter a Certificaten eppes net korrekt wier, Problemer géif oder eppes géing feelen.

Keng Decisiounen “à la tête du client”

Jiddweree géing d’selwecht behandelt, wat Critèren ugeet, sou deen, deen erzielt, dass e schonn als Kand e Fan war vu Fouer an Duerfkiermessen. D’Lëtzebuerger Kiermesleit kréien dofir awer keng Extrawurschte gebroden. Och net wat déi Critèren ugeet, déi d’Stad vun eisen Nopeschlänner iwwerholl hätt. Hei geet et ëm d’Attraktivitéit vum Produit oder och nach vum Stand, an ob deen op den Event passt.

De Laurent Schwaller erkläert Kritèren, déi mat zielen, fir eng Plaz

De Service proposéiert, de Schäfferot decidéiert

Lydie Polfer : “De Service schafft gewëssenhaft”

D’Foraine vun hei wieren hir net egal! Dat wier eng Ënnerstellung an dat hätt si och nach ni reprochéiert kritt, sou d’Stater Buergermeeschtesch. Et géif versicht, all Forain, ob vun hei oder net, korrekt ze behandelen.

Well een zejoert net gewosst hätt, wou ee mam Chantier um Knuedler dru wier, hätt ee sech fir d’Gëlle Fra decidéiert – dat heescht och: Manner Restauranten, well manner Plaz. Net flott fir déi grouss Iessbuden, fir déi den Oktavmäertchen deen Ament ausfält, wann dem Proprietär keng méi kleng Geschäfter gehéieren, déi kënnen asprangen. Dat hätt een hinne proposéiert, sou de Plazmeeschter.

Mäertchen 2025 – eventuell um Knuedler

Elo géif de Bilan vun dëser Editioun gemaach an da géif mat alle Foraine geschwat. Op de Knuedler gehéiert Liewen, sou d’Buergermeeschtesch, déi präziséiert, dass d’Stad déi allerlescht wier, déi un dat traditionellt Emplacement vun der Oktav wéilt fréckele goen. Wat d’Place Guillaume ugeet, misst een allerdéngs och un d’Besoine an d’Intressie vun de Maartleit denken.

RTL-Artikel vum 16.4.24: Oktav an der Stad: Um Mäertchen hunn dëst Joer op en Neits e puer bekannte Bude keng Plaz kritt

Back to Top
CIM LOGO