Dëst sinn awer net déi eenzeg Erausfuerderungen, déi sech an Zukunft fir de Secteur stellen.

Mam Burkina Faso, Niger a Mali huet Lëtzebuerg d'bilateral Kooperatiounen net verlängert. Den Aussen- a Kooperatiounsminsiter Xavier Bettel betount, datt een awer weider iwwert d'ONGen d'Leit sur Place ënnerstëtzt:

"Et muss ee kucken, d'Leit ze encouragéieren an eng Richtung ze goen. Virun allem well si gesot hunn, et wier eng Transitioun, et ass also näischt Permanentes."

D'Directrice vum Cercle de Cooperation Nicole Ikuku war berouegt ze héieren, datt d'ONGe souwuel an deene Länner wéi hei nach ënnerstëtzt ginn: "Well et sinn d'ONGen, déi di eenzeg sinn, déi der Populatioun direkt hëllefen."

E Sujet um Bord vun den Assisen, deen iwwregens och um Donneschdeg an der Chamber ugeschwat gouf, war dee vum Volet vun der Educatioun an der Sensibilisatioun vun der Kooperatioun. De Budget géif beim Kooperatiounsministère bleiwen, huet de Xavier Bettel confirméiert:

"Mee et soll ee kucken, zum Beispill eng Semaine du developpement an de Schoulen ze hunn an engem Programm, deen et de Moment scho gëtt."

D'Nicole Ikuku betount, datt een zesummen no Léisungen misst sichen:

"Fir eis ass et wichteg, datt den neie Minister sech bewosst gëtt, wat hannert der Educatioun an der Sensibiliséierung stécht, wat hannert dem Konzept stécht: education à la citoyenneté mondiale. Wéi eng Aarbecht vun den Acteure gemaach gëtt a wéi een déi an den nächste Joer verbessere kéint."

Et wier awer net just eng Fro vun der Schoul, och ausserhalb vun de Schoule missten déi Jonk an Erwuesse méi mobiliséiert ginn, gëtt d'Nicole Ikuku ze bedenken.

RTL