Mouvement écologique kritiséiert Ännerung um nationalen Energie- a Klimaplang
© Shutterstock
De Mouvement écologique versteet net, firwat d'Regierung Deeler vum nationalen Energie- a Klimaplang a Fro stellt.
Hannergrond sinn Aussoen, déi den Energieminister Lex Delles schonn d'lescht Woch an der Ëmwelt- a Wirtschaftskommissioun vun der Chamber gemaach huet. Deemno solle Masutts- a Gasheizunge just nach op fräiwëlleger Basis duerch eng Wärmepompel ausgetosch ginn. Anescht wéi an der viregter Versioun geet am neie sougenannte PNEC, dem Energie- a Klimaplang net méi dovu rieds, datt defekt fossil Heizungen vun 2027 missten obligatoresch getosch ginn, wa Lëtzebuerg seng Klimaziler net erreecht. De Radio 100,7 hat dat e Mëttwoch gemellt. Dem Energieminister no wier dat den neiste Berechnungen no net méi néideg. D'Regierung hofft, dëst Zil mat Subventiounen ze erreechen.
Fir de Mouvement écologique ass d'Decisioun vun der Regierung a kengster Weis nozevollzéien a wier carrément "fährlässeg" fir de Klimaschutz, heescht et en Donneschdeg an engem Communiqué. Donieft fuerdert de Mouvement endlech Detailer doriwwer ze kréien, wéi et Enn Juni mat de staatleche Bäihëllefen am Beräich vun den erneierbaren Energien, Photovoltaik a Wärempompel weidergeet.