D'Reserve sinn d'lescht Joer ëm bal 12 Prozent geklommen. Dat geet aus dem Joresrapport vun der CNAP ervir.

Dee Rapport gouf um Donneschdeg publizéiert. D'Reserve louchen op den 31. Dezember 2023 bei iwwer 27 Milliarden Euro. Dat entsprécht 4,25 mol de Joresdepensen.

Dat ass an absolutten Zuelen "enorm" mä, dem President vun der CNAP Alain Reuter sou wéineg wéi zanter 2013 net méi. D'Ministesch fir d'Sécurité sociale Martine Deprez huet bekanntlech fir den Hierscht eng breet gesellschaftlech Diskussioun mat allen Acteure vun der Zivilgesellschaft iwwert de Lëtzebuerger Pensiounssystem annoncéiert.

D'Regierung huet sech bis elo no baussen nach op näischt festgeluecht, u wéi enge Stellschrauwe se dréine wéilt, fir de Pensiounssystem laangfristeg ofzesécheren.

De legale Pensiounsalter läit zu Lëtzebuerg bekanntlech bei 65 Joer. Zejoert louch de reelle Pensiounsalter mat deem d'Leit also opgehalen hu mat schaffen an der Moyenne bei 60,1 Joer, wéi aus dem Rapport ervirgeet.

234 Leit schaffen fir d'CNAP. Ongeféier d'Hallschent vun de Pensioune goufen zu Lëtzebuerg ausbezuelt, déi aner Hallschent an 116 verschiddenen anere Länner.