Méiglecherweis schonn nächst Woch wëll d'Justizministesch der zoustänneger Kommissioun d'Reform vum Code pénal am Kontext vum Heescheverbuet presentéieren.

Dëst sot si en Donneschdeg de Moien an de Kommissioune Justiz an Interieur.

Déi Gréng haten de Sujet am Kader vum Avis vun der Cellule scientifique vun der Chamber iwwert d’Heescheverbuet op den Ordre du jour sëtze gelooss. Am Avis war jo festgehale ginn, dass e Verbuet géing géint d’Verfassung verstoussen.

Souwuel d’Justizministesch, wéi och den Inneminister hätten nach eng Kéier confirméiert, d’Texter nozebesseren, fir d’Problemer aus der Welt ze schafen, erkläert d’Sam Tanson.

"Dat eent sinn d'Aarbechten um Code pénal an dat anert, dat sinn awer och d'Aarbechten um Niveau vun engem Gemengekader. Well do ass den Avis, dee seet eng ganz Rëtsch Saachen, déi interessant sinn. E stellt a Fro, a wéi wäit, datt e Gemengereglement nach eng Kéier kann eppes verbueden, wat op nationalem Niveau scho verbueden ass, well et do e Risiko gëtt, dass sech zwou Normen am Fong widdersprach, zemools wann ënnerschiddlech Strofe virgesi sinn. Dat spillt elo méi spezifesch fir déi organiséiert oder aggressiv Heescherei. Dat heet, dat ass schonn eng Fro, déi ee sech muss stellen a wou een och elo muss kucken, en Funktioun vun Adaptatiounen, déi gemaach ginn, ob dee Problem gekläert gëtt."

Lo misst ee kucken, ob déi Problemer duerch d’Adaptatioune geléist ginn. 
D’Diskussioun an der Kommissioun wier awer deels ustrengend gewiescht, well laang diskutéiert gi wier, ob een iwwerhaapt doriwwer schwätzen dierft, well eng Affär um Verwaltungsgeriicht leeft. Eng Diskussioun, déi vum Stater Schäfferot lassgetrëppelt gi wier.