Trotz FuerverbuetAlkoholiséierte Chauffer bei Mäertert gestoppt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf der Police en Auto gemellt, deen op der Héicht vu Mënsbech Schlaangelinne gefuer ass.

Enger Patrull ass et gelongen, d’Gefier zu Mäertert ze stoppen. Bei der Kontroll vum Chauffer koum eraus, datt deen däitlech ze déif an d’Glas gekuckt hat. Donieft hunn d’Beamten och festgestallt, datt de Chauffer schonn e Fuerverbuet hat. De Parquet gouf informéiert an d’Gefier saiséiert.

E puer Stonne méi spéit huet d’Police e Chauffer zu Walfer an der Rue de l’Église gepëtzt, deen, wéi si schreiwen, duerch säi verdächtegt Fuerverhalen opgefall ass. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.

Bei enger vum Parquet ordonnéierter Alkoholskontroll zu Dikrecht, wéi vun en Dënschdeg 23.30 bis e Mëttwoch um 0.30 Auer goung, goufen 154 Automobiliste kontrolléiert. An 3 Fäll ware den Alkoholwäert iwwerschridden, eng Kéier gouf et e Procès-verbal an zwee Mol en Avertissement taxés. Kee Permis huet awer missten agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO