Persoun vun Zuch erfaasst
Zuchtrafic tëscht Ettelbréck an Dikrech nees retabléiert

© Domingos Oliveira
Wéinst engem Asaz vun de Rettungsservicer zu Angelduerf, ass e Méindeg wärend e puer Stonne keen Zuch tëscht Ettelbréck an Dikrech gefuer.
Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, gouf géint 8.47 Auer eng Persoun vun engem Zuch erfaasst. Nieft de Pompjeeë vun Angelduerf, der Nordstad a Colmer-Bierg, waren och eng Ambulanz an de Rettungshelikopter op d'Plaz geruff ginn.
Et ass keen Zuch tëscht Ettelbréck an Dikrech gefuer, dat bis ongeféier 13.30 Auer.
Kuerz no 12 Auer war et d'Informatioun vum CITA, dass d'Barrière nees op ass, an d'Autoen do nees eriwwer fuere kënnen, fir an d'Industriezon ze kommen.
Trafic-Info
Am meeschte gelies