Zeienopruff no Kläpperei zu DikrechAffer schwieft a Liewensgefor, nodeems eng 20 Persounen op et ageschloen hunn

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem gëtt no Fotoen, respektiv Videoe vun der Dot gesicht.
© RTL Grafik

De leschte Sonndeg, den 19. Juli ass et géint 03:45 Auer moies zu Dikrech an der Géigend vun der "Aaler Seeërei" zu enger gréisserer Kläpperei komm. Wéi d'Police matdeelt, hätten hei, éischten Informatiounen no, ronn 15 bis 20 Persounen op eng aner Persoun ageschloen. D'Affer huet schwéier Blessuren dovugedroen a schwieft aktuell a Liewensgefor.

D'Police judicaire sicht nom Tëschefall no relevanten Informatiounen iwwert d'Dot selwer, respektiv zu Verdächtegen. An deem Kontext ginn ënner anerem Privatpersounen, déi mat hire perséinlechen Handye Fotoen oder Videoe vun der Dot oder de presuméierten Täter gemaach hunn, gebieden, dës Opnamen der Police iwwert eng eegens dofir geduechten Upload-Plattform zur Verfügung ze stellen.

Hei de Link: https://upload-police.public.lu/apps/forms/embed/BEYjggjFK2oTZLmH479wya8b

Alleguer déi aner relevant Informatioune sollen op d'Mailadress spj.ip-info@police.etat.lu geschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO