D'ONG erënnert un d'Noémie an de Camille um 10. Joresdag vun hirem Doud
Um Mëttwoch ass et den 10. Joresdag vum Doud vum Noémie Siebenaller an dem Camille Arend, déi fir d'ONG "Le soleil dans la main" geschafft hunn.
Déi 2 Mataarbechter vu "Le soleil dans la main", déi bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe koumen, goufen deemools fir hiren Engagement och posthum Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2014 gewielt.
De Camille Arend (37) an d'Noémie Siebenaller (19) waren op der Heemrees vun enger Missioun an Afrika. Si souzen an deem Fliger vun Air Algérie, deen de 24. Juli am Burkina Faso fortgeflunn ass an ni op senger Destinatioun ukoum. Tëscht Ouagadougou an Algers, iwwert dem Mali, ass hir Maschinn erofgefall.










De Camille Arend war President vun der ONG. Als passionéierte Schoulmeeschter louchen him virun allem d’Projeten am Beräich vun der Educatioun um Häerz.
D'Noémie Siebenaller war grad emol 19 Joer al zum Zäitpunkt vum Accident. Si war ee "ganz liewensfrouen an optimistesche Mënsch a wollt eng besser Welt schafen, war inspiréierend fir déi Leit, déi hir nostoungen", heescht et och am Post vun der ONG op dësem Joresdag.
Post
De Luc Siebenaller, Matgrënner a Responsabel fir d'Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, ma och President vum Cercle des ONG war virun 10 Joer selwer mam Camille, dem Noémie an dem David am Burkina Faso, fir de Startschoss ze setze fir de Bau vun engem Kannerheem:
"Mir sinn deen Owend an zwee verschidde Fligere geklommen a wéi ech ukomm sinn, hunn ech direkt déi schrecklech Nouvelle héieren am Bus fir Heem. Et war ee ganz schwéiere Schock, een traumatescht Erliefnis. Et kann ee mental staark sinn, mee et ass een ni op esou eppes nëmmen annähernd virbereet. Et kann een et net erfaassen an iergendwou hofft een, dass een aus deem Albdram erwächt gëtt a rëm alles gutt gëtt. D'Realitéit hëlt ee ganz schnell rëm. Virun allem d'Solidaritéit am Familljen- a Frëndeskrees hunn eis gedroen an natierlech och intern an der ONG, wou mer eis all gutt kennen an iwwert déi laang Jore grouss Frëndschafte konnten opbauen, déi staark genuch waren, fir eis géigesäiteg duerch déi schwéier Zäit ze droen. Ech wëll op dësem Wee all deene Leit, déi eis begleet hunn an Trouscht geschenkt hunn, nach eng kéier opriichteg Merci soen."
De Verloscht vun deene Zwee war ee grousse Schock. An der Tragedie huet een awer trotz der Péng Kraaft fonnt, fir weider ze maachen:
"Mir hunn eis verantwortlech gefillt, fir d'Missioun weiderzeféieren, déi se ugefaang haten. Hiren Affer erënnert eis un d'Zerbriechlechkeet vum Liewen an d'Wichtegkeet vun eisem Engagement. Mir hunn de Kapp net an de Sand gestach, mee eis druginn, fir dass dee schwéiere Verloscht net ëm soss war. Et war eis wichteg, dass mir duerch eist Engagement fir eng besser Welt dem Camille an dem Noémie säin Engagement weiderliewen a konkret weider ëmsetzen, fir deenen Äermste vun den Äermsten eng Hand ze reechen. Mir waren natierlech och touchéiert vun esouvill Solidaritéit an hunn dunn alles drugesat, fir esou vill wéi méiglech aus de Suen ze maachen, déi mer gespent kritt hunn."
© Asdm.lu
Duerch dee verstäerkten Zesummenhalt an deen enormen Asaz vun de Benevollen an dem Personal, och am Burkina Faso konnt een a kuerzer Zäit grouss Projeten ëmsetzen:
"Frëndschaft, Solidaritéit an 150% Asaz beim Schaffe waren ee Mëttel, fir no vir ze kucken. Mir konnten op eis Equippen am Burkina Faso a Lëtzebuerg zielen, wéi och hir Professionalitéit, fir datt de Projet u Reechwäit an Dynamik gewonnen huet. Dank hirem Engagement an Expertis ass d'Zuel vun de Beneficiairë wesentlech eropgaangen, wat et eis erlaabt huet, eisen Impakt auszebauen an nach méi Liewen am Burkina Faso eng besser Perspektiv ze bidden. D’Solidaritéit vun eise Membere vum “Le Soleil dans la Main” war de Schlëssel zum Erfolleg."
Op alle Fall géing ee sech immens gär un all déi schéin a witzeg Momenter erënneren, déi ee mam Camille an dem Noémie verbruecht huet:
"Hiert Laachen, hiert Engagement an hir Leidenschaft fir de "Soleil" bleiwen an eisen Erënnerunge gravéiert. All Moment, dee mir mat hinne gedeelt hunn, schätze mir immens vill, an dës Erënnerunge ginn eis d'Kraaft, hir Aarbecht mat der selwechter Entschlossenheet a Léift weiderzeféieren".