E Mëttwoch den Owend huet de Kulturministère dës Decisioun an engem Schreiwes bekannt ginn.

E Mëttwoch huet de Regierungsrot dem Kulturminister, Eric Thill, säi Virschlag guttgeheescht, dem Grand-Duc den Alexandre Ecker als neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ze proposéieren. Hien trëtt d'Nofolleg vum Luc Marteling un, deen zanter dem 1. Juli Directeur de l'information bei RTL ass.

De studéierte Lexikograf Alexandre Ecker ass zanter 2004 Deel vun der Ekipp vum ZLS an ee vun den Architekte vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire lod.lu.

Den Alexandre Ecker iwwerhëlt säi Posten den 1. Oktober 2024. Den Interim mécht den aktuelle Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding.