Dat deelt d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung mat. Betraff wiere spezifesch Kéis-Kichelcher vun de Marke Buiteman, Alnatura a Boni.

Et géif d'Gefor vum Erstécken oder anere bannenzege Blessure bestoen, heescht et vun der ALVA.

Bei Buiteman soll et sech deemno méi präzis ëm d'Zorte "Gouda", "au chèvre" a "Gouda et aux oignons" handelen. Bei Alnatura ass et d'"Bio Käsegebäck" a bei Boni sinn et d'"Cheese Snacks", déi tëschent dem 12. Juli an dem 26. August verkaf goufen.

All d'Produite kënnen op ënnerschiddleche Plazen am Land verkaf gi sinn. Méi Informatiounen zum Réckruff fannt Dir um entspriechende Site vun der ALVA.