Et ginn ëmmer erëm Leit, déi net wëssen, wat mat hirem Liewe maachen, wann d'Schaffjore bis eriwwer sinn.

Egal ob Berodung fir d'Pensioun oder Formatioune fir eeler Leit a Fachpersonal, Gero, de Kompetenzzenter fir den Alter begleet d'Leit, wa si am 3. Deel vun hirem Liewen ukomm sinn.

Aktiv, Pro a Research: esou heeschen déi dräi Beräicher, an deene Gero ënnerwee ass. Den Aktiv ass fir Leit, déi schonn an der Pensioun sinn, ma och fir déi, déi kuerz virdru stinn. Hei kritt een duerch Formatiounen, Evenementer a Broschüren praktesch Informatiounen.

Déi aner zwee Beräicher hunn och eppes mam Alter ze dinn, mee hei sinn et net eeler Persounen, déi cibléiert ginn. De Gero Pro konzentréiert sech op d'Fachpersonal, dat mat de Pensionéierte schafft, hei gi Formatioune proposéiert, fir d'Leit weider auszebilden. De Gero Research bedeelegt sech bei Recherchen a Etuden, déi mam Alter ze dinn hunn.

Dës 3 Servicer sinn och vum Familljeministere konventionéiert. Den éischte Service, deen de Leit ugebuede gëtt, ass ee Pensiouns-Coach, deen engem weist, wat d'Chancen an der Pensioun kënne sinn an dass dat méi ka sinn, wéi nëmme raumen, raschten a reesen. Dofir mécht et awer Sënn, dës Liewensphas ze preparéieren, betount den Alain Brever.

De Kompetenzzenter war fir seng éischt 35 Joer zu Izeg an engem ëmgebaute Klouschter. Dëst war eng flott Plaz, mee et goufen awer och déi eng oder aner Nodeeler, esou den Direkter.

Gero fänkt Mëtt September erëm mat Formatioune fir Fachpersonal a Pensionären un. Vun elo un dann och op hirer neier Adress zu Bouneweg.