Police wéinst Kläpperei an engem Bus geruff

Ma och wéinst engem Drogendelikt an dem Stéiere vun der Nuetsrou waren d'Beamten déi leschte Stonnen am Asaz.
Zu Schëffleng waren an der leschter Nuecht véier Persounen an engem Bus unenee geroden, dowéinst huet d'Police misse geruff ginn. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt, datt eng Persoun esou vill gedronk hat, datt si an hirem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Dowéinst gouf decidéiert, datt dës hire Rausch am Passagearrest konnt ausschlofen. Protokoll gouf erstallt.
De krut d'Police nach 19 Mol gemellt, datt sech net un d'Nuetsrou gehale gouf. An de meeschte Fäll konnt d'Situatioun op er Plaz gekläert ginn oder se war schonn eriwwer, wéi d'Beamten agetraff sinn.
Da war eng Patrull mat engem Drogenhond am Park zu Iechternach géint 17 Auer am Asaz. Hei konnte de Mupp an der direkter Ëmgéigend vun enger verdächteger Persoun zwee Päck Haschisch mat all Kéiers 100 Gramm fannen. Beim Verdächtegen doheem goufen dann nach weider 123 Gramm fonnt. De Parquet huet d'Persoun verhafte gelooss an si koum e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.