Leit tëscht 18 a 65 Joer
D'Croix Rouge sicht aktuell no Plasmaspender
De Plasma ass e Bestanddeel vum Blutt. Des giel Flëssegkeet gëtt dacks a Spideeler gebraucht, fir Patienten ze hëllefen.
Oder awer bei der Produktioun vu Medikamenter fir d'Behandlung vu Mënsche mat enger Autoimmunkrankheet. Ofhängeg vum Kierpergewiicht kënnen tëscht 500 a 750 Milliliter Plasma gespent ginn. Leit am Alter tëscht 18 a 65 Joer kommen als Spender a Fro. E Plasmaspender kann eemol de Mount beim Roude Kräiz passéieren, fir Plasma ze spenden. Op croix-rouge.lu kritt een all Informatiounen, wann ee sech well als Blutt- oder Plasmaspender umellen.
Am meeschte gelies