"Nous ç nous" a "Fais pas ci, fais pas ça"De franséischen Acteur Bruno Salomone ass mat 55 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
International bekannt gouf de Bruno Salomone am Joer 2004 duerch seng Roll an der Comédie "Brice de Nice".
De Bruno Salomone am Joer 2019
De Bruno Salomone am Joer 2019
© GUILLAUME SOUVANT/AFP

De franséischen Acteur Bruno Salomone ass am Alter vu 55 Joer gestuerwen. Dat huet säin Agent Laurent Grégoire der Noriichtenagence AFP confirméiert.

De Bruno Salomone war engem grousse Public a Frankräich als Member vum Humoriste-Grupp “Nous ç Nous” an als senger Roll vum Denis Bouley an der Serie “Fais pas ci, fais pas ça” op der franséischer Tëlee bekannt. International bekannt gouf hien am Joer 2004 duerch seng Roll an der Comédie “Brice de Nice”, an där hien un der Säit vum Jean Dujardin gespillt huet.

Back to Top
CIM LOGO