“Méi Personal!” Dat ass d’Haaptfuerderung un d’Politik vum President vun der AAP, der Associatioun vun de Giischtercher. De Samir Djennas war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Zejoert goufen et iwwer 50 Attacken oder probéiert Attacken op Giischtercher. Dat ass eng liicht Hausse. “Ze verhënneren, ass dat net. Dir wësst jo a wéi engem Milieu mir schaffen”. Et wieren eben verschidde Mënsche mat verschiddene Charakteren an och verschidden Aart a Weisen, wéi Beamten dorop reagéieren. Dat wier net anescht bei enger Interventioun vun der Police. Fir méi Sécherheet ze garantéieren, bräicht een eben och méi Personal.
“Mir schaffen op engem absolutten, dagdeeglechen Minimum, wou d’Sécherheet dann net méi onbedéngt garantéiert gëtt.” Et wiere weder genuch Beamten do, fir d’Beweegung mat den Detenuen, nach fir d’Presenz mat den Detenuen z’assuréieren. Ronn 600 Beamten op den dräi Sitte (den Prisong zu Schraasseg, den Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff an den hallef-oppene Strofvollzuch zu Giwenech) géingen net duergoen, fir 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 an der Woch ze assuréieren. Well een um Minimum wier, misst een ëmmer nees Leit aus dem Congé oder hirem Roudag ruffen, “wat net optimal fir d’Moral vun de Beamten ass.”
Et feelt un Nowuess. Dat léich awer net dorun, dass et ze geféierlech ass, mengt den Samir Djennas. Et hätt een och ganz angeneem Schichten an “et wier net ëmmer erëm, wéi an de Netflix-Serien, wou et drop an drun lassgeet”. Vläicht léich et drun, dass ee manner visibel wier als Beruffsspart. Et géing een eigentlech zimmlech wéineg iwwer de Prisong héieren. Et misst einfach mol méi Reklamm no bausse gemaach ginn a méi rekrutéiert ginn, sou de President vun der Associatioun vun de Giischtercher.
D’Strukturen, virop zu Schraasseg an um Uerschterhaff wiere komplett ausgelaascht. Wat d’Strukture méi voll sinn, wat d’Stëmmung méi gereizt ass an et méi geféierlech gëtt fir d’Giischtercher. Detenuen hätte manner Fräiraum a wann et esou iwwerbeluecht wier, da kéint een och net garantéieren, fir Leit op aner Plazen ze verleeën, wa se sech manner gutt ënnertenee verstinn. Dass dowéinst Mannerjäreger, wéi dat 14 Joer aalt Meedchen wat um Lampertsbierg eng Matschülerin mat engem Messer gepickt huet, bei Erwuessenen am Prisong landen, géing keen Acteur gutt fannen, och net d’Giischtercher. E Mannerjärege géing natierlech anescht encadréiert ginn a sou gutt et nëmme geet vun Erwuessene getrennt ginn. Mee wa keng Plaz an deenen anere Strukturen wier, da géing keng aner Méiglechkeet bleiwen, wéi de Mannerjäregen opzehuelen an dat Bescht doraus ze maachen.
De Samir Djennas schafft zanter 12 Joer als Giischtjen an de Beruff hätt sech an där Zäit scho vill geännert. Et wier een net méi just de “Schliesser”, also do fir zou- an opzespären, mee et géing ee vill méi sozial Aarbecht leeschten. Mee och d’Prisonéier hätte changéiert. Si géifen d’Uniform net méi respektéieren, d’Hemmungslosegkeet an och d’Gewaltbereetschaft wieren an d’Luucht gaangen. Donieft géingen drop an derwidder Menacë gemaach ginn. An d’Hemmschwell wier eng ganz aner, wéi nach virun e puer Joer. Fir ze illustréieren, géing hien elo e Sproch zitéiere vun eeleren Hären: “Deemools gouf sech virum Café zerklappt an dann huet een zesummen een dobannen gehëppt, wann ee mëttlerweil awer dobaussen matkritt, wa schonn am Lycée e Messer gezu gëtt, brauch ech Iech jo net virzemolen, wat bei eis dobäi erauskënnt, konzentréiert op enger Plaz.”
De Prisong wier natierlech en negatiivt Ëmfeld an dat hätt och Auswierkungen op d’Giischtercher. Virop misst een awer bedenken, dass d’Agents pénitentiaires mat den Detenuen agespaart wieren an eng ganz aner Bindung zu hinne géingen opbauen. Mee si kéinten doduerch awer och ganz aner Informatiounen iwwer d’Giischtercher erauskréien. Si géingen d’Gesiicht an den Numm kennen an deemno wéi ee Prisonéier et war a wéi dee sech beholl huet, kéint dat dobausse Konsequenzen hunn. Et géing ee sech dräi Mol iwwerleeën, wou een duerno mat de Kanner higeet. “Ech ginn net mat menge Kanner owes um 17 Auer op d’Fouer. [...] Also et ginn am ziville Beräich dobausse Leit an der Gesellschaft, déi vermeide schonn aus bestëmmte Grënn verschidde Plazen, an déi hunn elo net den Drot an de Bezuch zu den Detenuen gehat, wéi mir en dagdeeglech hunn.”
Waffen dréit een am Prisong natierlech net. Mee et wier “Reizstoff-Sprühgerät” kaaft ginn, et wiere Formatiounen ofgehalen ginn, fir dee kënnen anzesetzen, mee bis haut géing den Peffer-Gel am Schaf leien ze verstëbsen. “Ech weess net, un wat et läit,” sou nach den Samir Djennas, President vun der APP, der Associatioun vun de Giischtercher.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.