
E Samschdeg huet den US-President Donald Trump jo annoncéiert, dass d’US-Marinn deemnächst géif domat ufänken, Pëtrolstanker duerch d’Strooss vun Hormus ze begleeden. Déi fir de weltwäiten Ueleg-Handel esou wichteg Mieresstrooss gëtt jo vum Iran blockéiert. Den Trump huet jo och aner Länner, déi vun der Blockad betraff sinn, den USA beim Eskortéiere vun den Tanker ze hëllefen.
Südkorea huet sech e Sonndeg zu dëser Annonce vum amerikanesche Staatschef geäussert. Wéi et vu Seoul heescht, géif ee genee am A behalen, wéi sech d’Situatioun an der Mierengt no dëser Ukënnegung géif entwéckelen. Et géif ee weider an enkem Kontakt mat den USA bleiwen, heescht et vum Büro vum koreanesche President. Eng konkret Ausso dozou, ob Südkorea selwer Schëffer an d’Strooss vun Hormus wäert schécken gouf et net.
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi warnt iwwerdeems aner Staate virdrun, sech vum Krich ze bedeelegen. All Aktioun vun anere Länner kéint zu enger Eskalatioun vum Krich bäidroen.
Israel huet iwwerdeems mat sengen Attacken op den Iran an och op de Libanon weidergemaach. Wéi et e Sonndegmoie vun der israeelescher Arméi geheescht huet, géif een e gréisseren Ugrëff op de Weste vum Iran fléien. Viséiert wier “d’Infrastruktur vum iraneschen Terrorregime”. Och de Libanon gouf nees aus der Loft vun Israel beschoss. Wéi et vun der staatlecher libaneesescher Noriichtenagence heescht, wier bei den Attacken op de Süde vum Land véier Persoune gestuerwen.
Am Iran hunn d’Autoritéiten dann op d’mannst 20 Persoune festgeholl, déi am Verdacht stinn, mat Israel zesummenzeschaffen. Zu de Festname wier et bei Razzien géint presuméiert pro-israeelesch Netzwierker an der Provënz West-Aserbaidschan komm. Dat mellt d’iranesch Nooriichtenagence Fars a berifft sech dobäi op de Procureur vun der Regioun, den Hossein Madschidi. Déi verhafte Persoune stéingen am Verdacht, Informatiounen iwwer Militär- a Police-Infrastruktur un Israel weidergeleet ze hunn.
An engem Interview mam US-Fernseesender NBC News huet den amerikanesche President dann annoncéiert, datt hien nach net fir een Accord iwwer en Enn vum Iran-Krich bereet wier: D’Bedéngunge wieren ''net gutt’’. Ma wéi eng konkret Bedéngungen et da genee bräicht, wollt hien am Interview net soen. Sécher wier awer, datt den Iran säin Atom-Programm misst opginn. Och vun iranescher Säit schéngt et wéineg Wëllen fir en Accord ze ginn. Béid Säite schénge sech op ee méi laange Konflikt anzestellen.