Futtball-Championnat: BGL Ligue1:1 tëscht Déifferdeng an der Jeunesse, Victoirë fir Diddeleng a Biissen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg stoung an der BGL Ligue d'Suite vum 21. Spilldag um Programm.
© Val Wagner

Déifferdeng huet géint d’Jeunesse d’Kontroll vum Match iwwerholl a konnt sech an der Ufanksphas e puer Chancen erausspillen. No 36 Minutten war et dunn ee Corner, deen de Mfoumou zum 1:0 an de Filet gekäppt huet. D’Äntwert vun der Jeunesse huet awer net laang op sech waarde gelooss an de Jonathans konnt an der 42. Spillminutt eng Flank zum 1:1 verwäerten. Nom Säitewiessel hat den Abreu eng gutt Chance op den 2:1, déi de Sommer am Escher Gol awer paréiert huet. An der Suite hate béid Ekippen net méi allze vill Occasiounen, éier den Déifferdenger Costa eng Véierelsstonn viru Schluss no engem Foul vum Terrain gestallt gouf. Doduerch ass déi grouss Schlussoffensiv vum Tabelleleader ausbliwwen, deen domat net iwwert en 1:1 erauskënnt.

Déifferdeng an d'Jeunesse trenne sech 1:1
Den Tabelleleader ass doheem géint d’Jeunesse net iwwert e Remis erauskomm.

Diddeleng huet den Déifferdenger Remis ausgenotzt a sech 1:0 zu Kanech behaapt. Den F91 huet zu Kanech an der Ufanksphas e puer Chancen leie gelooss, no enger hallwer Stonn konnt de Monteiro awer aus ronn 16 Meter déi verdéngt Féierung markéieren. An der Suite goufen et a béide Strofraim net méi vill geféierlech Aktiounen. An der Schlussphas hunn déi Kanecher op den 1:1 gedréckt, wierklech kloer Geleeënheeten sinn awer net dobäi erausgesprongen. Diddeleng läit domat elo 5 Punkten hannert Déifferdeng op Plaz 2.

Och Biissen konnt de Match géint den Tabelleleschte Péiteng 2:0 fir sech entscheeden. Schonn no 6 Minutten huet Biissen no engem Feeler an der Péitenger Defense op 1:0 gestallt. Péiteng huet zwar beim neien Tabellendrëtte gutt dogéint gehalen, kuerz virun der Paus huet den Eddarraj awer no engem schéine Biissener Spillzuch op 2:0 erhéicht. Just 2 Minutten duerno krut den Eddarraj du seng zweet giel Kaart, woumat d’Lokalekipp déi zweet Hallschent an Ënnerzuel war. Biissen huet awer kaum Chancen zougelooss a séchert sech domat déi 3 Punkten, woumat een an der Tabell elo op Plaz 3 läit, dat awer punktgläich mat Stroossen a Munneref.

E Samschdeg de Mëtteg hat de Racing sech scho géint Hesper duerchgesat a Rodange hat géint Munneref de Kierzere gezunn.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Déifferdeng - Jeunesse 1:1
1:0 Mfoumou (36'), 1:1 Jonathans (42')

Canech - Diddeleng 0:1
0:1 Monteiro (33')

Biissen - Péiteng 2:0
1:0 Ferber (6'), 2:0 Eddarraj (40')

Mamer - Rouspert 0:2
0:1 Ferreira (48'), 0:2 Marques (86')

Käerjeng - Stroossen 1:0
1:0 Bellali (28')

Hueschtert - Nidderkuer 1:5
0:1 Baradji (26'), 1:1 Fernandes (30'), 1:2 Natami (37'), 1:3 Avdusinovic (39'), 1:4 Avdusinovic (67'), 1:5 Natami (80')
...


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO