A Presenz vu vill Prominenz huet de Grand-Duc e Mëttwoch kuerz no 13 Auer de Peloton vun dëser 84. Editioun op d'Streck geschéckt.

706 Kilometer queesch duerch d'Land sti bis e Sonndeg um Programm vum Tour de Luxembourg. Do ass d'Probabilitéit grouss, op d'mannst eng Kéier den 114 Konkurrenten ze begéinen. 
 
D'Navigatiouns-App "Waze" kann hëllefen. Wien eng Streck agëtt, kritt ugewisen, ob den Tour do ënnerwee ass. D'Stroosse ginn 10 bis 15 Minutte virum Passage vun den éischte Coureure gespaart.
 
"Dat heescht, ab deem Moment ka wierklech kee méi fueren. D'Police mécht dann och déi Stroossen zou. An déi Autofuerer, déi da bei déi Stroosse bäifueren respektiv op deene Stroosse sinn, déi ginn och vun eis gestoppt, respektiv ëmgedréint", sou de Laurent Lentz, Direkter vun der Verkéierspolice.
 
Fir et einfach ze maachen: Den Auto mat de roude Fändele mécht d'Strooss fir de Verkéier zou. Vun deem Moment un, a bis de Biesem mat de grénge Fändele laanscht ass, dierf kee Gefier op der Streck fueren, wat net eng speziell Autorisatioun huet.

Dat alles aus Sécherheetsgrënn. De Peloton vun 114 Cycliste brauch nämlech Plaz an dacks gëtt och d'Vitess vun de Coureuren ënnerschat.

De Bob Jungels, zanter 2013 op héchstem Niveau am Peloton ënnerwee, erkläert: "Generell, wa mer voll fueren, da fuere mer wäit iwwer 50 Stonnekilometer um Flaachen. An den Descenten hänkt et vun der Pente of. Mee dat geet dann alt iwwer 100 Stonnekilometer eraus. Dat heescht, et ass jo schonn etlech Vitess, déi mer fueren."

D'Organisateure probéieren, Haaptstroossen z’evitéieren. Wann den Tour de Luxembourg awer bis a gréisser Dierfer respektiv Stied op Passage ass, da bleift Gewulls net aus. Ewéi e Mëttwoch  zu Useldeng, wou och de Schoultransport mat am Stau stoung. Dat ass och d'Erklärung firwat en Donneschdeg d'Schüler an enger Rei Lycéeën am Land vu Mëtteg u fräi hunn. Dat ass zum Beispill de Fall zu Jonglënster, wou den Depart vun der Etapp en Donneschdeg ass. An do gëtt dann och vu moies fréi un opgeriicht.
 
"Soubal déi éischt Camionen do sinn, sinn déi éischt Benevollen do, déi hëllefen, d'Barrièren ze schleefen. D’Barrièren en place setzen. Dann ass awer schonn alles getimed, well mer jo awer net de ganzen Dag d'Stroosse spären. Normalerweis kucke mer, dass mer eng Stonn, annerhallef Stonn virun der Arrivée oder virum Passage op der Arrivée, alles en place stoen hunn. Da gëtt nach dee leschten Check gemaach", sou den Direkter vum Organisatiouns-Kommitee Andy Schléck. 
 
An de Stied, an deenen d’Etappen ukommen, ass méi Gedold gefrot. Déi lokal Autoritéiten hunn a leschter Zäit déi betraffe Bierger informéiert.

Wie sech d’Course ouni Stress ukucke wëll, deen ass gutt beroden net op de leschte Stëppel bei d'Streck ze kommen. 
 
Filme mat Dronen ass iwwregens aus Sécherheetsgrënn am Kader vum Tour de Luxembourg verbueden.