D'Lëtzebuerger Studenten treffe sech op der 40. REEL zu Köln
Zanter 40 Joer treffe sech d'Lëtzebuerger Studenten aus de verschiddenste Stied op enger Plaz, fir do iwwert ee bestëmmten Thema ze diskutéieren.
Dëst Joer ass d‘REEL zu Köln, der 4. gréisster Stad an Däitschland, déi doduerch, datt een et net wäit bis op Lëtzebuerg huet, och d‘Doheem vu ville Studenten aus dem Grand-Duché ass. Zanter en Donneschden de Moien treffen sech eng 140 Jonker zu Köln. D‘Thema dëst Joer ass ,"Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung". Et wéilt ee gäre wëssen, wéi eng Kompetenzen um Bildungswee gefërdert ginn, an ob dat da schlussendlech och déi sinn, déi een am Beruffsliewe brauch.
Nodeems d‘REEL d‘lescht Joer zu Innsbruck war, huet de Comité vu Köln dëst Joer d‘Organisatioun iwwerholl. Zu 18 sinn si a musse bannent 4 Deeg kucken, datt alles klappt. Um Donneschdeg de Moie sinn zwee Doppeldeckerbusser vu Lëtzebuerg komm an et stounge Workshops um Programm. Déi nächst Deeg ginn awer och Ausflich organiséiert an natierlech gëtt och gefeiert.












Een Zil ass et, politesch Message lasszeginn a seng Fuerderungen un d’Politik ze stellen. En anere wichtege Punkt ass och d‘Zesummekommen an e flotte Moment gemeinsam ze hunn. REEL steet fir “Rencontre européenne des étudiants luxembourgeois” an d’Comitéen a Membere aus de verschiddene Cercle kënne sech fir d’Event umellen. Eng 10.000 Studenten aus dem Grand-Duché sinn an der Welt veredelt an et ginn am Aanzen eng 40 verschidde Cerclen. Och d’ACEL, d’Lëtzebuerger Studentevertriedung hëlleft bei der REEL mat. Hir Memberen halen ënnert anerem e puer Workshops an d’Iddi vun der ACEL ass och viru 40 Joer op der REEL entstanen.
Bis e Sonndeg gëtt a Workshoppen diskutéiert an debattéiert. Héichpunkt ass, wei all Joer, “d‘Journée Politique” e Samschdeg. Mat dobäi och d‘Héichschoul- an Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin a soss Vertrieder aus dem digitale Secteur. Fir de 40. Anniversaire huet och de Grand-Duc sech ugemellt.