Zu Uewerpallen ass um 17.10 Auer een Auto accidentéiert, dobäi goufen direkt 6 Persoune blesséiert. De Samu an de Rettungshelikopter waren op der Plaz.

Wéi d'Police matdeelt, wier de Chauffer an enger Lénkskéier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. De Chauffer, d'Bäifuererin a véier Kanner si blesséiert ginn a koumen an d'Spidol. Hei huet ee keng uerg Blessure constatéiert. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv, de Permis war awer net fort, well d'Resultat ënner 1,2 Promill louch.

Zu Diddeleng an der Route de Luxembourg gouf et e Sonndeg géint 17 Auer en Accident mat zwee Autoen. Dräi Persoune si verwonnt ginn, mellt de CGDIS. D'Police hirersäits schwätz vun zwee Blesséierten. Deemno wiere béid Fuererinne liicht verwonnt ginn. Allebéid ware se alkoholiséiert, eng Fra huet de Permis missen ofginn.

An der Rue des Artisans zu Schëffleng an op der A13 ass jeeweils eng Persoun bei engem Accident blesséiert ginn.

E weideren Accident gouf et e Sonndeg den Owend zu Fréiseng. Och hei waren nees zwee Gefierer am Coup. Et blouf beim Materialschued. Op en Neits war d'Fuererin alkoholiséiert an huet de Permis missen ofginn.