1 Fra op 5 Affer vu physescher, sexueller oder psychologescher Gewalt

© Image Envato Symbolbild
"Mir wëllen op Dysfonctionnementer äntweren, vun deene mir Affer oder Zeie waren."
Dat sot d'Ana Pinto vun der Associatioun "D'Stëmm vun den Iwwerliewenden" e Méindeg am Kader vun enger Table Ronde am Cercle, wou Propositioune fir e Projet de loi presentéiert goufen a punkto Preventioun a Bekämpfung vu Gewalt. Et géife vill ze vill Affer ginn, dat beleeë rezent Chiffere vun der Unicef iwwer sexuell Gewalt u Meedercher.
D'Presidentin vun der Associatioun Stëmm vun den Iwwerliewenden, Ana Pinto:
"Ces chiffres révèlent que ce sont plus de 370 millions de filles et de femmes qui ont subi des viols ou d' agressions sexuelles durant leur enfance ou adolescence, soit une sur huit. Une femme sur cinq a été victime de violences sexuelles sans contact physique, comme par exemple des agressions en ligne ou verbales, ce qui équivaut à 650 millions de femmes. Un homme sur onze a subi un viol ou une agression sexuelle pendant l 'enfance, soit 240 à 310 millions."
Och d'Chifferen zu Lëtzebuerg wieren alarmant.
"Au Luxembourg, 81.000 personnes, près d' une personne sur cinq a été touchée par des actes de violence physique, sexuelle ou psychologique au moins une fois au cours des douze derniers mois en 2020."
De Gros vun den Affer vu sexueller, sexistescher, physescher oder psychescher Gewalt hunn dem Statec no allerdéngs net op Hëllef zréckgegraff, sou d'Ana Pinto weider.
"La grande majorité des victimes, 78 % ne s 'est pas adressée ni à la police, ni aux médecins, ni à des psychologues, ni à des assistants sociaux ou autres professionnels."
An dat aus guddem Grond. Vill Fraen hätten Angscht, dass herno mam Fanger op si gewise gëtt. An dat wier och leider dacks de Fall, bedauert d'Presidentin vun der Associatioun. Et géif de Leit un Empathie feelen, ma och hätten déi, déi den Affer sollen hëllefen, net déi néideg Formatiounen.
En anere Problem wier de Strofvollzuch a Fäll vu sexueller Gewalt, seet d'Marie-Laure Roland, Vizepresidentin vun der Associatioun.
"On estime que seulement une victime de viol sur dix porte plainte. Une plainte sur dix débouche sur une condamnation. Donc en clair, 99 % des viols restent impunis."
Juristesche Kader muss verbessert ginn
D'Lëtzebuerger Gesetzgebung muss reforméiert gi fir d'Preventioun an d'Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a Gewalt am Stot. D'Associatioun "D'Stëmm vun den Iwwerliewenden" huet dofir konkret Pisten opgeschafft
Et bräicht een eng Gesetzgebung fir all d'Affer vu Gewalt an déi se och wierklech schützt, huet d'Presidentin vun der Associatioun Ana Pinto betount. Wichteg wier et virop, datt d'Leit informéiert a sensibiliséiert ginn iwwer d'Thema. D'Stëmm vun den Iwwerliewende wënscht sech dofir och Interventiounen an de Schoulen.
Eng weider Fuerderung ass déi, datt d'Strofe méi streng ginn.
Et wier awer net just wichteg, e gutt Gesetz ze hunn, et muss och effikass applizéiert ginn. D'Associatioun wënscht sech e speziellt Geriicht, wat sech ëm Affäre vu Gewalt këmmert. Och d'Formatioun vun de Professionellen, déi mat Affer vu Gewalt ze dinn hunn, wier onëmgänglech.
Am Kader vun den Assisë fir den zukünftegen nationalen Aktiounsplang géint Gewalt wëll d'Associatioun hir Proposen nach eemol presentéieren a verdeedegen.