Eng Fotoaktioun vu Votum Klima iwwert d'Roll vu Lëtzebuerg bei der COP29

© AFP
Mat enger Fotoaktioun wëll d‘Organisatioun "Votum Klima" op d‘Klimakonferenz am Aserbaidschan opmierksam maachen.
Do solle konkret Decisiounen a punkto Finanze geholl gi mat der Fro, wie wéi vill soll bäisteieren. Een Zil ass et, de südleche Länner ënnert d‘Äerm ze gräifen a generell d’Changementer beim Klimaschutz ze finanzéieren.
Fir de Raymond Klein, Representant vun "Action Solidarité Tiers Monde" a "Votum Klima", spillt och Lëtzebuerg dobäi eng wichteg Roll: “Dat heescht fir Lëtzebuerg, dass Lëtzebuerg säi fairen Deel sollt ginn a wann een dat rechent unhand vun engersäits dat wat Lëtzebuerg an deenen leschte Joer vun Emissiounen ausgestouss huet. Also eng Aart historesch Verantwortung. Anerersäits eise Wuelstand, deen et eis erméiglecht vill Geld opzebréngen. Da kënnt een op eng Zuel vun 600 Milliounen Euro am Joer.”
Och Jugendlecher hunn also d’Méiglechkeet sech op der COP29 mat an ze bréngen. "Youth 4 Climate Action" schéckt an deem Kontext fënnef Jonker op Baku, fir d‘Lëtzebuerger ze vertrieden. Fir de Leo Kries ass et wichteg, datt déi Jonk e Wuert mat schwätzen:
“Ech fannen et ass extrem wichteg, well schlussendlech si mir déi, déi mat de Konsequenze vum Klimawandel liewe mussen. Déi Entscheedungen, déi haut getraff ginn, betreffen eis villäicht an 20, 30, 40, 50 Joer an doduerch fannen ech et wichteg, dass Jugendlecher en Deel vum Choix matmaache sollen.”
"Youth 4 Climate Action" verlaangt eng méi kloer Feuille de Route, fir vun de fossillen Energien ewech ze kommen. 197 Länner sou wéi d‘Europäesch Unioun sinn zu Baku vertrueden. Optakt vun der COP29 ass den 11ten November, also nächste Méindeg.