An Zukunft muss een de Klimabonus net méi aus eegener Täsch virstrecken

© Pierre Weimerskirch / RTL
An Zukunft solle Clienten, déi eng Photovoltaikanlag installéieren, dee Montant, dee si vum Staat subventionéiert kréien, net méi musse virstrecken.
D‘Regierung huet e Freideg deen entspriechende Gesetzesprojet op den Instanzewee geschéckt. Domat kritt de Client dee sougenannte Klimabonus scho vun der Facture vum Installateur ofgehalen. An dee kritt dës Differenz bannent engem Mount vum Staat rembourséiert. Dofir mussen dës Betriber sech an engem spezielle Regëster aschreiwen. De Client kann an Zukunft awer nach ëmmer decidéieren, ob e wëll klassesch d‘Facture ganz bezuelen a selwer rembourséiert ginn oder ob hie just d‘Differenz vun der Facture vum Installateur wëll bezuelen. Donieft gëtt eng nei Rechemethod fir de Montant vun de Subventioune agefouert.
Eng weider Decisioun am Regierungsrot war, datt ee säi Chômage an Zukunft soll kënnen online ufroen. D‘Demarche muss dann iwwert d‘Plattform MyGuichet oder MyAdem agereecht ginn. Iwwert dee Wee sollen d‘Delaien, bis ee säi Chômage ausbezuelt kritt, reduzéiert ginn. Fir Leit, déi mat dësem neien Outil net eens ginn, ze hëllefen, sollen extra Mataarbechter vun der Adem zur Verfügung stoen.