Zwou Wochen ass diskutéiert an negociéiert ginn, an elo ass déi 29. Weltklimakonferenz op der leschter Ligne droite.

U sech sollt d‘Konferenz schonn e Freideg den Owend Lokalzäit ofgeschloss sinn, ma et geet an d‘Verlängerung. Et gëtt nämlech nach kee finalen Accord. Knackpunkt ass aktuell nach de Montant, dee méi räich Länner bereet sinn z‘investéieren, fir méi aarme Länner ze hëllefen, déi am meeschte vum Klimawandel betraff sinn. Fir Lëtzebuerg ass den Ëmweltminister Serge Wilmes op der Plaz.

Extrait Serge Wilmes (1)

„Et ass sech nach net elo definitiv gëeenegt ginn, op déi Zuel, wéi vill datt dann déi ëffentlech Hand weltwäit all Joers muss dann dozou bäidroen, fir alleguerten déi Ziler kënnen ze erreechen. Déi Zuel, déi am Moment um Dësch läit, dat sinn 250 Milliarden pro Joer bis 2035. An do gëtt elo nach keen Accord dorop. An do ginn d'Diskussiounen also nach weider. Well do sinn awer nach eng ganz Partie Entwécklungslänner, déi fannen, datt déi Zuel ze déif ass, datt déi net akzeptabel ass fir si.“
 
Lëtzebuerg wëll iwwerdeems mam gudde Beispill virgoen a setzt seng Contributioun fir déi nächst 5 Joer vun 220 op 320 Milliounen Euro erop. Zesumme mat de Vertrieder vun den aneren EU-Länner géif hien alles dofir maachen, datt dës COP mat engem Accord op en Enn geet.

Extrait Serge Wilmes (2)

„Mir sinn eeben elo ganz kuerz virum Schluss. Dowéinst wäert et an d'Verlängerung goen. Mee d'Europäesch Unioun wäert alles dofir maachen, datt mer hei en Accord kréien, well mir wëllen och gäre wierklech eis Verantwortung, eis Leader-Funktioun weltwäit hei iwwerhuelen. Zemools zu enger Welt, wou wäert net méi esou kënne mat zum Beispill Amerika gerechent ginn. An dowéinst wëlle mer dat och iwwerhuelen, mee et ass och wichteg aner grouss Staate wéi China do mat dobäi kommen. An dat hu mer emol op d'mannst scho mol zum Deel erreecht.“
 
De Minister Wilmes weist sech virsiichteg optimistesch, datt en Accord fonnt gëtt. Dofir mussen d‘Memberlänner awer alleguer unanime dofir stëmmen.