De Centre commun de la sécurité sociale warnt op hirem Internetsite, dass aktuell eng Phishing-Attack amgaangen ass.

Et ginn zum Beispill Maile verschéckt, vun der Mailadress information@ccss.lu, wou d'Leit drop higewise ginn, dass se eng nei Kaart vun der Sécurité sociale bräichten, an et gëtt een dann och opgefuerdert dës ze bezuelen.

RTL

D'CCSS weist drop hin, dass déi nei Kaarte gratis sinn, an dass d'CCSS och ni géif no enger Kreditkaartennummer froen.

Et soll een déi Mailen an SMSen deemno ignoréieren.

Um Site vun der CCSS fënnt een dann och e sëllege Beispiller, wéi sou falsch SMSen, respektiv Mailen ausgesinn. Des weidere kritt ee gewisen, wéi de richtege Wee ass, fir eng nei Kaart unzefroen.