Zanter dem 7. Januar gëtt den Osteodensitometer am Centre Hospitalier du Nord benotzt, dat schonn e puer Deeg viru senger offizieller Aweiung. Dësen Apparat gëtt benotzt, fir d’Knachen-Dicht ze moossen. Et änelt der Röntgen, funktionéiert awer anescht: Beim Osteodensitometer gëtt ee manner bestraalt wéi an der normaler Röntgen a brauch och méi laang, fir seng Biller ze maachen, ongeféier 15 Minutten. Doduerch kann ënnert anerem Osteoporos diagnostizéiert an och observéiert ginn.
Well dicht Schanke méi Stralen absorbéieren ewéi manner dicht Schanken, kënnen d’Radiologen doduerch ausrechnen, wat déi genee Dicht vun de Schanken ass.
Zousätzlech zur der Knachen-Dicht kënnen och aner Analyse gemaach ginn, wéi zum Beispill Diagnos vun der Sarkopenie. Am CHdN gëtt den Apparat awer virun allem fir d’Knachen-Dicht benotzt.
Den Ament muss een am CHdN ongeféier dräi Woche waarden, bis ee bäikënnt. Wéi bei der normaler Röntge muss de Rendez-vous vun engem Dokter verschriwwe ginn. Dat kënnen d’Hausdokteren an d’Spezialiste maachen. Ongeféier 30 Leit gi pro Dag mam Osteodensitometer ënnersicht.
D’Patienten
Et ginn dräi grouss Kategorie vu Patienten, déi eng Ordonnance fir den Osteodensitometer verschriwwe kréien:
Den Osteodensitometer am CHdN ass den zweeten am Grand-Duché. An Zukunft wäert nach en drëtten dobäi kommen. Bis elo hu Patienten deels bis zu 20 Méint op e Rendezvous gewaart.