Waardelëscht, fir d'Densitéit vun de Schanken ze moossen, bis Mäerz 2026
Wie Stand haut e Rendez-vous ufreet fir d’Densitéit vu senge Schanke gemooss ze kréien, dee muss nawell ganz laang waarden. Bis Mäerz 2026.
Dat suergt fir Roserei bei ville Patienten. D’Doktere wéilten zwar eppes änneren, mee jorelaang huet sech politesch näischt gedoen.
D’Françoise Deutsch huet virun zwou Wochen net schlecht gestaunt. Si wollt e Rendez-vous ufroe fir eng sougenannt Ostéodensitométrie. Hir Mamm hat sech am Januar d’Hëft gebrach. Ouni Ursaach. Do läit de Verdacht vun der Osteoporos no. A fir dat ze confirméieren, gräift een op dëse Röntgen-Examen zeréck.
“De Rendez-vous den ass, haalt Iech fest – den 2. Januar 2026 Moies um 09:15. An ech fannen et e Skandal, dass mir hei zu Lëtzebuerg an dësem räiche Land, net capabel sinn, méi wéi eng Maschinn ze hunn, well dat ass dat wat ee mir gesot huet. Ech hunn elo zu Tréier telefonéiert fir e Rendez-vous ze kréien an do kann ech elo de 4. Juli am Nomëtteg hin.”
Zanter dem August 2000 gëtt et hei am Land genee eng Maschinn, fir d'Densitéit vu Schanken ze moossen an dës ass komplett iwwerlaascht, erkläert den Dr Marco Hirsch, Médecin Référent an der Immuno-Rheumatologie an den Hôpitaux Robert Schuman.
“Dat sinn elo geschwë 24 Joer. Et hunn natierlech missten Infrastrukturen erneiert ginn, well et ass een immens grousse Verschläiss. Mir maachen an der Moyenne tëscht 5.500 a 6.000 Examen am Joer. T’ass néierens a ganz Europa, wou souvill Examen op enger Infrastruktur gemaach ginn.”
Ee Grond fir d'Retarde wier natierlech déi extrem Hausse vun der Populatioun plus Frontalieren an de leschten zwee Joerzéngten. Et wieren och net just Leit am héijen Alter, déi esou een Exame bräichten, ma och ëmmer méi jonk Leit. Dofir géing een einfach net méi nokommen.
“Mir hunn 2018 eng Demande eraginn um Ministère, fir kënnen eng zweet Installatioun derbäizestellen. Den Avantage wier da gewiescht, dass mer an enger zentraliséierter Infrastruktur géinge Miessungen maachen an op dem nämmlechte Logiciel schaffen. Dat heescht, mir kënnen dann déi nämmlecht Referenze ginn. Dat hätt d’Saach vereinfacht och vun alle Kolleegen a Kolleeginnen, déi vu bausse kommen, well t’ass een Centre National, wou och Leit aus den anere Klinicken drop schaffe kommen.”
Dës Demande wier allerdéngs 2018 refuséiert ginn, mam Argument, am Gesetzestext [engem Règlement Grand-Ducal aus dem Joer 2000, ndlr.] wier just eng Installatioun virgesinn. Ganzer sechs Joer laang huet sech dunn iwwerhaapt näischt am Dossier gedoen. Dat bei Delaie vun ëmmerhin 18-20 Méint. Am Dezember zejoert hätt een de Gesetzestext geännert, erkläert déi nei Santésministesch Martine Deprez.
“D’Zuel vun den Apparater, déi mer kënnen installéieren ass vun 1 op 3 gesat ginn. Den Zweeten ass an der Prozedur. Dee soll op Wolz kommen an am Kader vum Centre Hospitalier du Nord do installéiert ginn.”
Den Drëtten Apparat kéint eventuell an de Süde kommen, op Esch. Eng Fro bleift awer dann nach ze klären, sou den Dr Hirsch.
“D’Rhumatologe schaffen alleguer hei op där zentraler Struktur. Wann mer elo eng Zweet an Drëtt kréien, wie schafft dorobber? Wie bekëmmert sech dorëm? Déi Rhumatologin aus dem Norden an den aus dem Süden, déi kënnen dat net eleng maachen.”
Am Ministère géing een doru schaffen, wéi een dat kéint ausbauen. An et wier ee frou, an déi Diskussioun mat agebonnen ze ginn, sou nach de Rhumatolog Dr Marco Hirsch.