D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss geet et dës Woch ëm Cyclocross, e Moundrover an d'Rout Bréck

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 19. Januar 2025
En Accord tëscht Gaza an Israel, Lëtzebuerg am Weltall, de Wollefsmound, Chrëschtbeemecher no Chrëschtdag, an d’Rout Bréck an der Stat.

Dës Woch geet et an de Kannaniuuss ëm Cyclocross, éischt positiv Noriichten zanter laangem aus dem Noen Osten, ee Lëtzebuerger Moundrover a mir erklären, wat et mam Wollefsmound op sech huet.

Am Reportage geet et héich an d’Luucht. Et geet ëm d’Rout Bréck an d’Aarbechten, déi an de leschte Joren un dëser gemaach goufen. Wosst Dir zum Beispill, firwat de Pont Grande-Duchesse Charlotte rout ass? Et ass een Hommage un de Lëtzebuerger Fändel. Vun der Säit gekuckt gesäit een déi rout, wäiss, blo Faarwen. D’Bréck selwer ass deemno rout, d’Gelänner wäiss an den Himmel (an der Theorie an ëmmer Mol rëm) blo.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes

Back to Top
CIM LOGO