E puer Abréch uechter d'Land3 Abriecher an Haus festgeholl, zwee weiderer jeeweils vun Awunner festgehalen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg konnten d'Beamte vum 113 am Ganze véier Abriecher an een Déif, deen an Autoen agebrach ass, festhuelen. Dat zu Bouneweg, Zolwer a Miersch.
© RTL

Wéi d’Police an hirem Bulletin schreift, wieren hinne géint 14.30 Auer dräi Verdächteg Persounen an der Rue John F. Kennedy zu Zolwer gemellt ginn. Eng Zeien hat gesinn, wéi d’Persoune fir d’éischt bei hirem Noper geschellt hunn, éier si hannert d’Haus goungen, nodeems keen opgemaach hat. Mat Gewalt wieren d’Abriecher an d’Haus erakomm, wou si all d’Raim duerchsicht hunn Wéi d’Polizisten op der Plaz ukoumen, waren déi dräi nach am Haus a goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Zu Bouneweg war eng Persoun géint 17.30 Auer an en Appartement an der Rue du Puits agebrach. Allerdéngs gouf hie vun der Awunnerin iwwerrascht a festgehalen, bis d’Police op der Plaz war. Och dësen Abriecher gouf festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Zu Miersch hat en Awunner d’Police géint 20.45 Auer geruff, nodeems hien an der Rue Wangert gesinn hat, wéi eng Persoun un Autoe klensche goung. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, haten den Awunner a säi Brudder den Onéierleche schonn iwwerwältegt an hunn en um Buedem festgehalen. Wéi den Awunner der Police erkläert huet, hätt de Brigang a sengem Auto gesiess a wier amgaange gewiescht, dësen ze duerchwullen. Et wier iwwerdeem och nach en zweete Brigang an der Strooss gewiescht, dëse wier hinnen awer entkomm. Den Onéierlechen, dee festgehale konnt ginn, koum mat op de Policebüro.

Versichten Déifstall

De selwechten Dag géint 14 Auer war eng Fra an enger Déifgarage vun engem Akafszenter zu Bartreng no hiren Akeef vun enger anerer Fra doru gehënnert ginn, hir Dier zouzemaachen. Déi onéierlech Fra huet direkt probéiert, dem Affer d’Auer vum Aarm ze rappen. Dëst huet sech awer gewiert an direkt no Hëllef geruff. Déi Onéierlech ass doropshi geflücht.

Back to Top
CIM LOGO