Messerattack um HamiliusZweet Persoun aggresséiert, Sich no Täter geet weider

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Sonndegowend eng 31 Joer al Persoun um Tramsarrêt um Stater Hamilius fonnt gouf, huet de Parquet elo an der Affär kommunizéiert.

Deemno wier de Mann mat engem Messer schwéier blesséiert ginn. D’Éischt Hëllef, déi op der Plaz geleescht gi wier, an eng Noutoperatioun dono hätten him d’Liewe gerett.

Am Kader vun der Enquête hätt sech iwwerdeems erausgestallt, dass och nach eng zweet Persoun, déi nach net konnt identifizéiert ginn, bei der Attack aggresséiert gi wier.

Den Täter hätt trotz grousser Sichaktioun, déi direkt nom Virfall lancéiert gi war, nach net kënne fonnt ginn. Et gëtt awer weider no him gesicht.

D’Schreiwes vum Parquet

Communiqué du Parquet de Luxembourg relatif à l’agression au couteau à Luxembourg-Ville en date du 26 janvier 2025

(28.01.2025)

En date du 26 janvier 2025 vers 17.40 heures, les forces de l’ordre ont été informées qu’un homme a été grièvement blessé lors d’une attaque au couteau à Luxembourg-Ville à hauteur de l’arrêt de tram « Hamilius ». Les premiers soins dispensés sur place et une opération d’urgence subséquente ont permis de sauver la vie de la victime âgée de 31 ans. Les investigations ont révélé qu’une deuxième personne, non encore identifiée, a également été agressée au moyen de l’arme blanche.

En dépit des recherches approfondies lancées immédiatement par la Police grand-ducale, l’auteur se trouve actuellement toujours en fuite. Les recherches continuent sans relâche.

Back to Top
CIM LOGO