
Géint 18.00 gouf e Mann gemellt, deen an engem Zuch géing randaléieren. Eng Patrull vun der Police konnt den offensichtlech alkoholiséierte Mann op der Beetebuerger Gare lokaliséieren. Dësen huet sech äusserst aggressiv verhalen a koum no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
Géint 23 Auer krut d’Police dann e Mann gemellt, dee sech op der Héicht vun Hollerech op der Pannespuer vun der A4 géing ophalen. D’Beamte sinn op d’Plaz gefuer an hunn de Mann vun der Autobunn ewechgeholl. Och hie koum no enger medezinescher Kontroll an d’Spidol.