
De staatleche veterinärmedezinesche Labo (LMVE), d’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) an de Service vun der Liewensmëtteliwwerwaachung vum Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) hunn op den 1. Januar 2025 fusionéiert.
Duerch dës Fusioun konnt eng nei Entitéit - de Veterinär- a Liewensmëttellabo (LVA) - kreéiert ginn, bei där all d’Aktivitéite vun der Kontroll vun der ganzer Liewensmëttelketten hei am Land regroupéiert sinn. Domat wäerten ënnert anerem d’Inspektioun, d’Iwwerwaachung an d’Laboanalysen an Zukunft ënnert dem Landwirtschaftsministère zentraliséiert sinn.
Am Januar soll eng Iwwersiicht vun den Analysen um Landwirtschafts- a Liewensmëttelportal verëffentlecht ginn, déi vum LVA gemaach ginn. Domat wéilt een eng “total Transparenz iwwer d’Leeschtunge vum Labo” bidden. Och aner nëtzlech Dokumenter wäerten op de Portaler ze fanne sinn.
Wéi de Ministère an d’ALVA matdeelen, wäert den neie Labo eng Divisioun vun der ALVA ënnert der Tutelle vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau sinn.
Link: D’Schreiwes vum Landwirtschaftsministère