
Et huet sech erausgestallt, datt de Mann, dee staark alkoholiséiert war, aus engem Lokal erausgeheit gouf. Dobaussen huet hien dunn eng aner Persoun mat engem Messer menacéiert an de Portmonni vun dëser verlaangt, wouropshin et zu enger kierperlecher Ausenanersetzung koum. D’Police konnt de Mann nom Virfall fannen, d’Messer, wéi och Saachen, déi hie geklaut hat, konnte séchergestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.