Et gouf e Mandat d'arrêtHätt de Mann seng Wuer am Supermarché bezuelt, wier e wuel nach op fräiem Fouss

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend gouf d'Police geruff, well eng Persoun an engem Supermarché op der Stater Gare seng Wuer net wollt bezuelen.

Eng Policepatrull huet sech der Saach ugeholl an huet e Mann ugetraff, deen ze vill gedronk hat. Nodeems dem Mann seng Personalië kontrolléiert goufen, huet sech erausgestallt, dass et e Mandat d’arrêt géint dëse gouf. Hie gouf doropshin an de Centre Pénitentiaire Uerschterhaff bruecht.

Back to Top
CIM LOGO