
Huet de Schäfferot vu Sandweiler bei der Astellung vun engem externe Consultant géint d’Gesetz verstouss? An ass de Consultant mat dorunner Schold, datt d’Stëmmung ënnert dem Gemengepersonal angeblech schlecht ass? Déi Froe gi vun der Oppositioun zanter Längerem am Gemengerot gestallt. En Dënschdeg den Owend gouf et op d’mannst zum Deel Äntwerten, ma vu Kloerheet kann een awer nach net schwätzen.
D’Oppositioun aus CSV an déi Gréng bezitt sech bei de Froen un de Schäfferot an éischter Linn op een Artikel, deen um Internetsite vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC publizéiert gouf. Doranner heescht et, Membere vum Personal géinge sech gemobbt fillen an een externe Consultant hätt ze vill Afloss op déi deeglech Aarbecht an der Märei. D’LSAP-DP-Majoritéit weist déi Reprochen zeréck. D’LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer sot, et hätt nach ni ee Member vum Gemengepersonal hir vis-à-vis vu schlechter Stëmmung geschwat. Den externe Consultant hätt keen Afloss op déi deeglech Aarbecht, mee géing de Schäfferot just beroden, wann dat néideg wier.
DP-Schäffe mécht der Oppositioun Reprochen
Mat de Stëmme vun der Majoritéit gouf dann och eng Motioun ugeholl, déi et dem Schäfferot erlaabt, op extern Expertisen zeréckzegräifen. Den DP-Schäffe Claude Mousel huet sengersäits d’Oppositioun ugegraff:
“Dat si reng Provokatioune vun Ärer Säit. Mir maache gären eppes fir de Bierger, mir hunn ee Masterplang fir den Duerfzentrum gemaach, mir hunn de Leit dat virgestallt. Mir hunn d’Kommissiounen invitéiert, déi sinn alleguerte komm, d’Veräiner si komm, fir driwwer ze schwätzen an och d’Bierger haten hier Seance beim Workshop. Dat heescht, mir hunn alles bis elo gemaach. Dir wëllt vertuschen, datt Dir wärend 20 Joer näischt gemaach hutt, dat ass äre Problem.”
Déi Gréng: Mobilitéitskonzept als positiivt Beispill vu Berodung
De grénge Conseiller Jean-Paul Roeder huet no der Sëtzung gemengt, et wier een net grondsätzlech dogéint, sech Rot vu baussen ze huelen. Dee Rot misst awer fundéiert sinn:
“Ech kann een anert Beispill zitéieren, dat den Här Mousel och gesot huet, datt si lo am gaange sinn, ee Konzept auszeschaffen, fir Sandweiler fit ze maachen. Do gëtt mat engem Bureau d’études geschafft, deen an deem Beräich confirméiert ass, deen och seng Meritten huet, dee scho vill Projeten hei zu Lëtzebuerg realiséiert huet an dat mécht jo duerchaus Sënn, fir an der Mobilitéit ee Büro ze huelen, deen do confirméiert ass an deen och seng Experten do huet. Firwat maache mer dat net och an engem anere Beräich?”
Inneminister fuerdert Prezisioune vum Schäfferot
D’CSV huet iwwerdeems dorobber verwisen, datt den Inneminister Léon Gloden an engem Bréif un de Schäfferot Prezisiounen doriwwer gefuerdert huet, wéi eng Aufgaben de Consultant konkret iwwerhëlt. Dësen huet ee Kontrakt iwwert zwee Joer a kéint an där Zäit bis zu 460.000 Euro verdéngen. Bei esou enger Zomm géing et Prozeduren, déi net agehale goufen, esou déi fréier Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz:
“Notamment de Montant, deen drasteet, huet de Minister jo geäntwert, datt et dowéinst eng international Ausschreiwung hätt musse ginn. Bon, si beruffe sech op een Artikel, deen op sozial Servicer zeréckgräift an de Minister seet awer, dat wat de Consultant mécht, ass dat net. An e fuerdert de Schäfferot jo op, hinne lo Mol ze soen, wat huet e bis elo gemaach, wat mécht en a wat wäert en an Zukunft maachen. Ech denken, datt den Inneminister oder den Inneministère deen Dossier nach net zougeschloen huet.”
Zu deem Bréif wollt d’Buergermeeschtesch an der Sëtzung iwwerdeems weider näischt soen. Obwuel d’Schreiwes op den 3. Februar datéiert ass, huet si behaapt, si hätt en nach net gesinn. Et géing een de Bréif als Schäfferot fir d’éischt liesen an da reagéieren.
D’Gemeng Sandweiler dierft also och an deenen nächste Wochen net zur Rou kommen. En Dënschdeg gouf am Huis-clos iwwregens iwwert d’Demissioun vun engem Employé communal geschwat. Déi Demissioun hätt awer näischt mam Schäfferot ze doen, hat d’Buergermeeschtesch an der Sëtzung erkläert.